Bier (Kar)
Ausgesinn
Eng Bier, regional och Bayar oder Stoussbier, ass eng Zort Schubbkar an där keng lasse Gidder kënnen transportéiert ginn, well se no dräi Säiten op ass a just ee Kappstéck huet. De Buedem ka ganz gedeckt sinn, ass awer meeschtens fir Gewiicht ze spueren, geleedert.
Biere goufen haaptsächlech benotzt fir Gidder a Säck ze transportéiren, oder aner Saachen déi awer méi oder wéineger zesummegehalen hunn, wéi Fruuchtgaarwen, oder Hee. Bieren huet en och op Garë fonnt fir Gepäck ze feieren.