Big Four (Eisebunnsgesellschaften)

Vu Wikipedia

D'Big Four war den Numm deen tëscht 1923 an 1947 am Zesummenhank mat de véier gréissten Eisebunnsgesellschaften am Vereenegte Kinnekräich, gebraucht gouf. Den Numm war vum Railway Magazine a senger Ausgab vum Februar 1923, ënner dem Titel The Big Four of the New Railway Era an d'Welt gesat ginn.

Déi véier Gesellschafte waren:

Déi Gesellschafte waren d'Resultat vum Railways Act 1921, an deem probéiert gouf e grousse Pak vun den iwwer honnert Eisebunnslinnen ze regruppéieren an deen den 1. Januar 1923 a Kraaft getrueden ass.

Wéi den 1. Januar 1948, den Transport Act a Kraaft getrueden ass, goufen déi véier Gesellschaften déi nom Zweete Weltkrich sou gutt wéi faillite waren, nationaliséiert an an d'British Railways integréiert.