Op den Inhalt sprangen

Biischtebënner

Vu Wikipedia
An engem Biischtebënneratelier

De Biischtebënner (och alt Buuschtebënner[1]) war en Handwierker, dee fréier, doheem oder an enger Fabrick, Biischte gebonnen, d. h. fabrizéiert huet.

Wann haut vun engem Biischtebënner, am Géigesaz zum Biesemsbënner, rieds geet, ass dat awer souzesoen ëmmer an engem iwwerdroene Sënn, fir ee mat enger niddreger, diskutabeler Originn ze bezeechnen, ee mat deem net vill lass ass.

D'lëtzebuergesch Riedensaarte spigelen dat, wéi beim Dëppegéisser, haut erëm:

  • Saufe wéi e Biischtebënner
  • Fluche wéi e Biischtebënner
  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1. Itzig: RBS, 2009. ISBN 9782959972157
  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 2. Itzig: RBS, 2010. ISBN 9782959972167
 Commons: Biischtebënner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) „Biischtebënner“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt de 27.12.2025.