Bildstabiliséierung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Bildstabiliséierung ass an der Fototechnik eng Method fir Verwackelungsonschärften ze vermeiden.

Funktiounsprinzipien[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi Methode fir d'Bildstabiliséierung ënnerscheet, déi jeeweils ënner proprietäre Bezeechnunge vun der Fotosindustrie ugebuede ginn.

Optesch Bildstabiliséierung[änneren | Quelltext änneren]

De Mechanissem vun der Bildstabiliséierung kann entweeder am Objektiv oder beim Bildsensor ënnerbruecht sinn. Bildstabiliséierungsobjektiver gi vu Canon, Leica, Nikon, Tamron, Sigma a Panasonic ugebueden, eng sensorbaséiert Bildstabiliséierung bidden ënner anerem Pentax, Sony a Fujifilm. Bei der optescher Bildstabiliséierung gëtt entweeder de Bildkrees iwwer dem Bildsensor (bei der Realiséierung am Objektiv) oder de Bildsensor ënner dem Bildkrees (bei der Realiséierung am Gehais) verréckelt.

Mechanesch Bildstabiliséierung[änneren | Quelltext änneren]

Déi mechanesch Bildstabiliséierung kann duerch d'Stëtze vum Fotoapparat, ee Stativ oder och iwwer e Gyro-Stabilisator duerchgeféiert ginn.

Elektronesch Bildstabiliséierung iwwer Beliichtungszäitupassung[änneren | Quelltext änneren]

Déi elektronesch Bildstabiliséierung gëtt haaptsächlech a Videokameraen agesat. Mais och an de Fotoapparate fënnt een Ëmsetzungen, déi meeschtens op dem Noschäerfe vun de Biller oder op enger automatescher Empfindlechkeetserhéichung vum Sensor baséieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bildstabiliséierung – Biller, Videoen oder Audiodateien