Relais de l'Amitié
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Bilschdrëffer Guidenhaus)
De Relais de l'amitié zu Bilschdref, och Bilschdrëffer Guidenhaus genannt, ass ee vun den zwéi Formatiounszentere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS).
D'Gebai dat 1970 vun de Lëtzebuerger Guiden[1] kaaft gouf, an an deem fréier d'Wiertschaft A Kleens war, gouf 1994 komplett sanéiert a frësch ageriicht.
De 26. Juni 1994 gouf d'Haus a Presenz vun der Chef-Guide, der Groussherzogin Joséphine-Charlotte, ageweit.
D'Haus ass ageriicht fir 48 Persounen z'empfänken. Hannendru läit eng grouss Campingsplaz.
Den Zenter gëtt vum Comité Bilsdorf geréiert, deen aus benevole Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten besteet.
Geographesch Koordinaten: 49° 51’ 29.07’’ N 5° 49’ 39.39’’ O
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Lëtzebuerger Guiden hunn 1994 mat de Lëtzebuerger Scouten fusionéiert.