Bläistëftspëtzer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Bläistëftspëtzer
Animatioun vun engem Spëtzer am Gebrauch

E Bläistëftspëtzer oder einfach Spëtzer ass e mechaneschen oder manuellen Apparat, mat Hëllef vun deem ee ka Stëfter spëtzen, déi aus enger Minn an engem Holzmantel bestinn. Meeschtens sinn dat Bläistëfter oder Faarfstëfter.

E Spëtzer huet bannenan eng konesch Form, a laanscht eng Säit eng schaarf Schneit. De Stëft gëtt dragestach a ronderëm seng Achs gedréint. Dobäi gëtt d'Holz vum Stëft ofgehuwwelt, an d'Minn an der Mëtt fräigeluecht an ugespëtzt.

Verschidden Zorte Spëtzere sinn op engem Dëppchen opgebaut, an deem déi ofgehuwwelt Holzlamelle opgefaange ginn.

Et ginn extra Spëtzer fir Lénkshänner, wou no lénks muss gedréint ginn fir ze spëtzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bläistëftspëtzer – Biller, Videoen oder Audiodateien