Black Swan (Film)

Vu Wikipedia
Black Swan
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 2010
Première 1. September 2010
Dauer 108 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Filmformat 35 mm,
16 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Darren Aronofsky
Dréibuch Andrés Heinz
Mark Heyman
John McLaughlin
Fotografie Matthew Libatique
Musek Clint Mansell
Produzent Scott Franklin
Mike Medavoy
Arnold Messer
Brian Oliver
Schauspiller
Natalie Portman als Nina Sayers
Vincent Cassel als Thomas Leroy
Mila Kunis als Lily
Barbara Hershey als Erica Sayers
Winona Ryder als Beth MacIntyre
Toby Hemingway als Tom
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Black Swan ass en US-amerikanesche Psychothriller vum Darren Aronofsky aus dem Joer 2010.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

En New Yorker Balletensemble wëll de Schwaneséi nei opféieren, mat der Roll vum wäissen a vum schwaarze Schwan an enger Persoun. Den Direkter vum Ensembel, den Thomas Leroy, sicht eng Nofollgerin fir d'Primaballerina Beth MacIntyre a seng Wiel fält schliisslech op d'Nina Sayers. D'Roll vum wäisse Schwan beherrscht si perfekt, mä fir de verführeresche schwaarze Schwan feelt et hir u Sënnlechkeet a Leidenschaft. Fir d'Roll net un d'Lily, déi eréischt viru kuerzem an den Ensembel komm ass, ze verléieren, muss d'Nina hir donkel Säit entdecken an ervirbréngen. Allerdéngs féiert déi obsessiv Virbereedung op hir Roll zu Wahnvirstellungen...

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]