Op den Inhalt sprangen

Bob van Asperen

Vu Wikipedia
Bob van Asperen
Gebuer 8. Oktober 1947
Amsterdam
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Dirigent, Organist, Musikolog, Universitéitsprofesser, Pianist, Cembalist, Komponist

De Bob van Asperen, gebuer den 8. Oktober 1947 zu Amsterdam, ass en hollänneschen Cembalist, Organist an Dirigent.

No sengem Studium ënner dem Gustav Leonhardt um Conservatoire zu Amsterdam huet de Bob van Asperen eng international Concertskarriär ugefaangen. Hie war Member vun den Ensemble Quadro Hotteterre a La Petite Bande a Grënner vu Melante 81. 1988 gouf en zum Professer um Sweelinck-Conservatoire zu Amsterdam beruff.

De van Asperen huet Wierker vum Johann Sebastian Bach a vun den hollännesche Komponiste Sybrandus van Noordt, Cornelius Thymenszoon Padbrué a Jan Pieterszoon Sweelinck rekonstruéiert.