Bodensee

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Germany template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bodensee
Bodensee satellit+text.png
Informatiounen
Numm: Bodensee
Lag: Mëtteleuropa
Fläch 3,3 km²
maximal Längt: 63 km
maximal Breet: 14 km
maximal Déift: 42 m
Héicht iwwer/ënner Mierniveau:
Mëttlere Waasserniveau
396 m
Déifst Plaz iwwer/ënner Mierniveau: 354 m
Grouss Uertschaft(en): Konstanz

Bodensee ginn zwee Séie genannt, duerch déi de Rhäin vun Osten no Weste leeft: Den Obersee (meeschtens einfach Bodensee genannt), an dee méi klengen Untersee, déi duerch e 4 km laange Laf vum Rhäin, Seerhein genannt, matenee verbonne sinn. De nordwestleche Wupp gëtt Überlinger See genannt. De Bodensee läit am Bodenseebaseng, deen Deel vum nërdlechen Alpenvorland ass.

De Bodensee läit op der Grenz vun dräi Staaten: Däitschland (mat de Bundeslänner Baden-Württemberg a Bayern), Éisträich (Bundesland Vorarlberg) an der Schwäiz (mat de Kantonen Thurgau, St. Gallen a Schaffhausen). Säin Uwänner huet eng Längt vun enger 273 km; dovunner 173 an Däitschland, 72 an der Schwäiz an 28 an Éisträich.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

An der Réimerzäit gouf de Bodensee eng éischte Kéier vum Geograph Pomponius Mela am Joer als Lacus Venetus, respektiv Lacus Acronius (den Untersee) ernimmt. De Plinius den Eeleren huet en ëm 75 n. Chr. als Lacus Raetiae Brigantinus, no der Uertschaft Brigantium (Bregenz) genannt.

Den haitegen Numm "Bodensee" kënnt vum Uertschaftsnumm Bodman hier, op alhoudäitsch Bodamon, dat zu der Frankenzäit eng Kinnekspalz a Sëtz vun engem Herzogtum war. A romanesche Sproochen, an och am Engleschen, gëtt en no der Stad Konstanz genannt (Lac de Constance, Lake Contance,...)

Inselen[änneren | Quelltext änneren]

Mainau

Am Bodensee leien 10 Inselen déi méi grouss wéi 2000 m² sinn. Déi dräi gréisst si Reichenau um Untersee (wou d'Klouschter Reichenau drop steet), Lindau ganz am Oste vum Obersee, a Mainau am Südoste vum Überlinger See.

Gréisser Stied[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Bodensee a Lindauinsel


Nieweflëss vum Bodensee

Aach | Argen | Bregenzer Ache | Dornbirner Ache | Leiblach | Linzer Aach | Radolfzeller Aach | Rotach | Schussen | Steinach

Kuckt och: Bodensee | Rhäin | Flëss an Däitschland


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lake Constance – Biller, Videoen oder Audiodateien