Bolama
Ausgesinn
Bolama ass eng Stad a Guinea-Bissau. Si läit op der Insel mam nämmlechten Numm, am Bissagos-Archipel an ass d'Haaptstad vun der Regioun Bolama.
D'Stad war bis 1941 Haaptstad vu Portugisesch-Guinea. Vum Hafe vun der Stad aus gëtt d'Insel Bolama mam Festland nobäi verbonnen. No beim Hafen ass de fréiere Palais vum Gouverneur.