Bonsai

Vu Wikipedia
E Bonsai

Bonsai ass eng Gaardekonscht aus Ostasien, déi dora besteet, an engem Dëppe Beem ze zillen, déi doduerch an och duerch konschtvollt Schneide kleng bleiwen.

Dat japanescht Wuert bonsai (盆栽, „Planz an enger Schossel“) kënnt vum Chineesesche pénjĭng (盆景, Landschaft an der Schossel). Am ale China goung et beim Bonsai ëm d'Konscht, eng Harmonie tëscht den Naturelementenr, der lieweger Natur an dem Mënsch an enger miniaturiséierter Form duerzestellen: Déi belieft Natur gëtt dobäi meeschtens duerch e Bam duergestallt, d'Naturkräften (Fielsen a Waasser) ginn duerch e Steen a renge Kisel symboliséiert, an de Mënsch gëtt duerch säi Wierk, d'Blummendëppen, duergestallt.

Am Weste gëtt ënner Bonsai meeschtens just de Bonsai-Bam verstanen. De Bam gëtt an engem flaachen Dëppe gezillt, an duerch Schneide vu Blieder, Äscht a Wuerzelen, an duerch Béien an eng gewënschte Form bruecht a kleng gehalen. Dës Form orientéiert sech un de Prinzipië vum Wabi a Sabi vun der Zen-Kultur an de Representatioune vu Beem an der klassescher chineesescher Molerei, déi zum Deel vum Konfuzianismus, zum Deel vum Taoismus influenzéiert ass. A Japan ginn d'Bonsai am Gaart oder an der Tokonoma, enger Nisch am Zëmmer, wou se besonnesch zur Geltung kommen, opgestallt.

Fir Bonsai-Beem ginn traditionell Kieferen, Wakelter, Ahornen (Acer buergerianum, Acer palmatum), asiatesch Ulmenaarten (besonnesch Ulmus parviflora), Azaleeën, Uebstbeem wéi Äppelbeem oder de Prunus mume geholl.

Wa se gutt versuergt ginn, kënne Bonsaibeem e puer honnert Joer al ginn, an deem entspriechend e grousse Wäert kréien.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Benz/Lesniewicz: Chinesische Bonsai, Penjing, Blv Verlagsgesellschaft, 1994, ISBN 3-405-14447-7
  • Werner M. Busch: Bonsai aus heimischen Bäumen und Sträuchern, BLV Verlagsgesellschaft mbH, ISBN 3-405-14455-8
  • Red Canzian: Bonsai, Unipart Verlag, Stuttgart 2004, ISBN 3-8122-3394-0
  • Horst Daute: Bonsai, Blv Verlagsges. mbH, München 1999, ISBN 3-405-15338-7
  • Bernd-Michael Klagemann: Bonsai – Harmonie zwischen Mensch und Natur, bioverlag gesundleben, Hopferau 1983, ISBN 3-922434-89-4
  • Lesniewicz/Zhimin: Penjing, Miniaturbäume aus China, Heidelberg 1986
  • John Yoshio Naka: Bonsai Technik Band 1, Verlag Bonsai Centrum Heidelberg, 1985, ISBN 3-924982-00-7
  • John Yoshio Naka: Bonsai Technik Band 2, Verlag Bonsai Centrum Gessner, 2007 (neu aufgelegt), ISBN 3-924982-09-0
  • Pius Notter: Bonsai Kunst und Technik, Basilus Verlag AG, Basel/Schweiz, 2. Auflage 1989, ISBN 3-85560-092-9
  • Pius Notter: Ein Leben für den Baum, Die Kunst Bäume zu gestalten, ISBN 3-85681-309-8, Fischer Media Verlag, Münsingen-Bern/Schweiz
  • Pius Notter/Georg Reinhard: Bonsai für Einsteiger, Pflege und Gestaltung, Fischer Media Verlag, Münsingen-Bern/Schweiz, ISBN 3-85681-338-1
  • Manfred Roth: Bonsai Meisterschule, Naturbuch-Verlag, Augsburg, ISBN 3-89440-290-3
  • Manfred Roth: Wo die Stille wohnt - Lebesquell Natur, Edition Vernissage, Heidelberg, ISBN 978-3-941812-02-4
  • Wolf-D. Schudde: Dem Baum eine Stimme geben – Die Kunst der Bonsai-Gestaltung., Medien Verlag Wolf-D. Schudde, Düsseldorf 1995
  • Wolf-D. Schudde: European Bonsai – Auf dem Weg ins nächste Jahrtausend, Medien Verlag Wolf-D. Schudde, Düsseldorf 1998
  • Horst Stahl: Bonsai – Vom Grundkurs zum Meister, Doppelband Kosmos Verlag, 1992, ISBN 3-440-08875-8
  • Yamada, Tomio: Bunjin-Bonsai aus heutiger Sicht in: Bonsai-Art Nr. 18
  • Harry Tomlinson: Das BLV Bonsai Handbuch, BLV Verlagsges.mbH, München 2004, ISBN 3-405-14850-2
  • Einheit von Felsen und Pflanze in: Bonsai-Art Nr. 16
  • Lesniewicz: Bonsai Miniaturbäume, BLV Verlagsges. mbH, München 1998, ISBN 3-405-13693-8
  • George Liegelsteiner: Wohl-untersuchter Zwerg-Baum, oder Gründlicher Unterricht, Wie die Zwerg-Bäume an ihern Wurtzeln als auch Aesten erkannt, jährlich recht beschnitten, bald in Wachsthum gebracht, mit Früchten vermehret,... aus des Autors eigener Erfahrung herausgegeben... Frankfurt, Leipzig, Regenspurg, Carl Christoph Immig, 1725. Mit 46 Abb. und 8 Kupferstichtafeln. Vgl. dazu Bonsai Magazine 3, S. 38-39.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bonsai – Biller, Videoen oder Audiodateien