Borough

Vu Wikipedia

E Bourough ass a villen engleschsproochege Länner eng administrativ Eenheet. An England huet bis 1974 d'administrativ Opdeelung aus Grofschaften a Bouroughs bestanen. Dës traditionell Opdeelung huet opgehéiert wéi d'Grofschaften an Distrikter ënnerdeelt gi sinn, an déi Boroughs, déi bestanen hunn, och a sou Distrikter agedeelt goufen. Dës féieren awer den Titel Bourough weider.

Dës Ännerung gouf an de 1990er Joren erëm deelweis réckgängeg gemaach, andeems verschidden déck bewunnte Gebidder vun enger Stad de Status vun enger Unitary authority déi déi selwecht Kompetenze wéi eng Grofschaft huet, kruten.

Hautdesdaags gi Boroughs a Metropolitan Boroughs (Bezierker vu Groussstied) an a County Boroughs ënnerdeelt.

D'Stadbezierker vu Grouss-London ginn, mat Ausnam vu London a Westminster, als London Boroughs bezeechent.