Bot
Ënner engem Bot (vum englesche robot „Roboter“) versteet een eng Klass vu Computerprogrammer, déi zum groussen Deel autonomen Aufgaben noginn, mat deenen e Mënsch oder eng mënschlech-interaktiv gesteiert Software zäit- oder quantitéitsméisseg iwwerfuerdert wier.
E Bot ass en tendenziell éischter simpelt, fläissegt „Aarbechtswiesen“. Dofir gebraucht een déi Bezeechnung och normalerweis net fir quasi-selbstänneg Programmer am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz.
E ganz bekannt Beispill fir Botte sinn d'Webcrawlere vun Internet-Sichmaschinnen, déi Websäite besichen, woubäi si de Linken, déi do sinn, noginn an dobäi ënner Ëmstänn de Contenu vun de Säiten auswäerten.
A Computerspiller (meeschtens Ego-Shooteren) gi computergesteiert Acteuren, déi am Méispillermodus d'Rolle vun eigentlech mënschleche Spiller iwwerhuelen, och als Botte bezeechent.
Am IRC gi Botte fir d'Kontroll a fir d'Ophale vun Channele benotzt.