Broschtvergréisserung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Broschtvergréisserung: virdrun an duerno

Eng Broschtvergréisserung ass e plastesch-rekonstruktive chirurgeschen Agrëff, bei deem eng Prothes agesat gëtt fir de Volume vun enger weiblecher Broscht ze vergréisseren.

Munchmol handelt et sech dobäi ëm eng medezinesch indizéiert Operatioun, z. B. wann no enger Broschtamputatioun nees eng Rekonstruktioun gemaach soll ginn. Meeschtens ginn esou Operatiounen awer aus reng estheetesche Grënn gemaach; virun esou engem Agrëff soll eng Consultatioun erfollege fir rauszefannen, ob de reelle Grond net éischter vu psychologescher Natur ass an anescht geléist muss ginn[1].

Gemenkerhand ginn Implantater geholl, deenen hir Baussenhaut aus mëllem Silikon ass, an déi mat physiologescher Kachsalzléisung oder mat Silikongel gefëllt sinn. Aner Variante mat Sojaueleg oder aus Polypropylen hunn aus prakteschen oder gesondheetleche Grënn nees vum Marché geholl misse ginn.

Bei der Operatioun, déi meeschtens a Vollnarkos gemaach gëtt, gëtt vun engem Fachchirurg als éischt en Hautschnëtt gemaach, deen een herno sou mann wéi méiglech soll gesinn an deen dowéinst entweeder an der nei forméierter Ënnerbroschtfal (inframammären Zougank), ëm oder duerch de Waarzenhaff (transareolären Zougank), ënnert dem Aarm (transaxillären Zougank) oder beim Gebrauch vu Kachsalzléisung och am Bauchnuebel placéiert ka ginn.

Duerno gëtt d'Broschtgeweebe ugehuewen an eng Zort Täsch geformt an déi d'Implantat kënnt, entweeder deelweis oder vollstänneg ënnert dem Broschtmuskel (submuskulär Implantatioun, v. a. bei ganz dënne Frae mat wéineg Fett-/Drüsegeweebe), ënnert der Broschtdrüs iwwer dem Broschtmuskel (subglandulär Implantatioun) oder direkt bannent der Muskelstrëmp an ënner d'Faszien-Schicht, déi de Muskel bedeckt (subfaszial Implantatioun).

De Kriibsrisiko bei Frae mat Broschtimplantater ass net méi grouss wéi bei der Moyenne vun der Populatioun. Et ass awer dovun auszegoen, datt d'Implantater net e Liewe laang kënnen dra bleiwen, mä mat längerem Liewensalter bei enger neier Operatioun nees erausgeholl oder ausgetosch musse ginn. Grënn heifir kënne Rupturen, Falebildungen, Asymmetrien, Läinzeechebildungen, Péng an/oder Infektioune sinn. Besonnesch uerg gi kann et bei enger Friemkierperreaktioun oder engem Rass am Silikon-Transplantat, déi zu staarke Verformunge vun der Broscht oder och enger Geschwulst féiere kënnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Broschtvergréisserung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sarwer DB, Brown GK, Evans DL. (2007), Cosmetic breast augmentation and suicide, Am J Psychiatry, Juli 2007; 164(7):1006-13 (Resümmee)