Buddy Holly
| Buddy Holly | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
7. September 1936 Lubbock |
| Gestuerwen | 3. Februar 1959 |
| Doudesursaach | Fligeraccident |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Gittarist, Sänger, Liddermécher, Komponist, Museksproduzent, Museker |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
| Gielercher | Grammy Lifetime Achievement Award, Stär um Hollywood Walk of Fame |
| Famill | |
| Bestuet mat | María Elena Holly (1.1.1958–1.1.1959) |
|
| |
De Buddy Holly (fir richteg Charles Hardin Holley), gebuer de 7. September 1936 zu Lubbock, am Texas, a gestuerwen den 3. Februar 1959 bei Mason City, Iowa, war en US-amerikanesche Rock-'n'-Roll-Museker a Lidderschreiwer.
Mat seng bekanntst Titele sinn That'll Be the Day, Peggy Sue, Oh Boy! an It Doesn't Matter Anymore.
De Buddy Holly war den éischte Museker mat Succès, deen d'Standard-Formatioun vun enger Rockband, mat Leadgittar, Rhythmusgittar, Bass a Batterie etabléiert huet, déi d'Beatles sou iwwerholl hunn. Souwuel op d'Beatles, wéi och op d'Rolling Stones, hat hien e groussen Afloss. Vill vu senge Lidder goufe vun anere Museker gecovert.
Hien ass bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm. Den Don McLean huet him 1971 am Lidd American Pie e Monument gesat, wéi en deen Dag "The Day the Music Died" genannt huet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- John Goldrosen: Die Buddy-Holly-Story. Däitsch Iwwersetzung vum Teja Schwaner. Heyne Verlag, München 1986, ISBN 3-453-35050-2
- Martin Huxley: The Day the Music Died. Pocket Books, New York 2000, ISBN 978-0671039622
- John Gribbin: Not fade away: the life and music of Buddy Holly, Thriplow: Icon Books, 2009, ISBN 978-1-84831-034-6
- Philip Norman: Buddy: the definitive biography of Buddy Holly , London: Pan Books, 2009, ISBN 978-0-330-50888-9
- Dave Laing: Buddy Holly. Studio Visty Ltd., London 1971
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Buddy Holly – Biller, Videoen oder Audiodateien |
