C/2010 X1 (Elenin)
Ausgesinn
Der Koméit C/2010 X1 (Elenin) gouf den 10. Dezember 2010 vum russeschen Amateurastronom Leonid Elenin entdeckt. De Leonid Elenin hat de Koméit op véier Fotoe un engem ferngesteierten Teleskop vum ISON-NM Observatoire zu Mayhill, Mexiko fonnt[1]. Bei senger Entdeckung hat de Koméit eng visuell Magnitude vun 19,5 bis 19,6 mag.
Ëmlafbunn
[änneren | Quelltext änneren]De Koméit hat de sonnennächste Punkt (Perihel) den 10. September 2011 mat engem Ofstand vun 0,48 AE passéiert. De 16. Oktober 2011 stoung de Koméit 0,23 AE vun eiser Äerd ewech.