Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz . Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Canon EOS 450D , an Nordamerika heescht e Canon Eos Digital Rebel XSi an a Japan Canon EOS Kiss X2 , gehéiert zu de Canon EOS Digital-Fotoapparaten . En huet méi Funktiounen , ënner anere Live-View an eng méi héich Opléisung, wéi de méi ale Canon EOS 400D .
D'EOS 450D ass zanter dem Abrëll 2008 zu Lëtzebuerg ze kafen.
De Sensor ass en 22,2 × 14,8 mm CMOS -Sensor mat 12,2 Megapixelen a Biller mat maximal 2.848 × 4.272 Pixelen.
De Brennwäiteverlängerungsfaktor ass 1,6
Als Bildprozesser huet en een DIGIC III mat 14 Bits
Den Autofokus gëtt vun 9 Punkte gesteiert.
Am Sucher , deen eng Vergréisserung vun 0,87 huet, si 95 % vum Bild ze gesinn.
De Verschloss geet vun 30 Sekonne bis 1/4000 an d'Blëtzsynchronisatioun ass 1/200 s.
Gespäichert gëtt op enger SDHC -Kaart.
De Boitier weit 521 Gramm mat Akku a Späicherkaart.