Carlos Menem

Vu Wikipedia
Carlos Menem
Gebuer 2. Juli 1930
Gestuerwen 14. Februar 2021
Buenos Aires
Doudesursaach Urinweeinfektioun
Nationalitéit Argentinien
Educatioun National Universitéit Córdoba
Aktivitéit Politiker, Affekot, Geschäftspersoun
Partei Partido Justicialista

De Carlos Saúl Menem Akil, gebuer den 2. Juli 1930 zu Anillaco, an der Provënz La Rioja, a gestuerwen de 14. Februar 2021 zu Buenos Aires[1], war en argentineschen Affekot a Politiker.

Hie war Member vun der Peronistescher Partei a vum 9. Juli 1989 bis den 10. Dezember 1999 President vun Argentinien, als Nofollger vum Raúl Alfonsín. Virdru war hie Gouverneur vun der Provënz La Rioja.

2005 gouf hie Member vum argentinesche Senat. 2013 gouf e wéinst illegale Waffeliewwerungen u Kroatien an un Ecuador, tëscht 1991 an 1995, zu 7 Joer Prisong verurteelt. Seng Immunitéit als Senator huet him erméiglecht, déi Strof net missen ofzesëtzen.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Birle, Sandra Carreras (Hrsg.): Argentinien nach zehn Jahren Menem. Wandel und Kontinuität. Vervuert, Frankfurt am Main 2002, ISBN 3-89354-586-7
  • Eva Karnowsky: Carlos Saúl Menem. In: Nikolaus Werz (Hrsg.): Populisten, Revolutionäre, Staatsmänner. Politiker in Lateinamerika. Vervuert, Frankfurt am Main 2002, ISBN 978-3-86527-513-4, S. 492–516.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carlos Menem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Argentinien - Ex-Präsident Carlos Menem mit 90 Jahren gestorben." deutschlandfunk.de, 2021-02-14.
  2. Frankfurter Allgemeine Zeitung, 15. Juni 2013, S. 6.