Caterpillar 775E

Vu Wikipedia
Caterpillar 775E Baujoer 2005

De Caterpillar 775E ass ee sougenannten Off-Highway-Truck oder Dumper, dat heescht e Schwéierlaaschtcamion, deen net op der ëffentlecher Strooss däerf fueren.

Et ass ee Camion deen haaptsächlech a Minièren am Dagbau benotzt gëtt fir Ofraummaterial ze deplacéieren, a fir d'Mineralien, déi notzbar sinn, bei de Briecher a bei d'Sënneranlagen ze transportéieren.

De 775E an Zifferen[änneren | Quelltext änneren]

  • Motor 12 Zylinder V: CAT 3412E
  • Motorleeschtung: 567 kW
  • Maximalen Dréimoment: 3 447 Nm
  • Hubraum: 27 000 ccm
  • Gewiicht eidel: 30 400 kg
  • Maximalgewiicht: 108 400 kg
  • Längt ouni Virbau: 9,200 m
  • Breet mat Spigelen: 5,076 m
  • Héicht (eidel): 4,410 m
  • Héicht mat gekippter Këscht: 8,796 m
  • Héchstvitesse: 65,8 km/h
  • Mazoutstank: 700 Liter

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]