Checkpoint Charlie

Vu Wikipedia
Konfrontatioun vu sowjeteschen an amerikaneschen Tanksen, de 27. Oktober 1961

Den Checkpoint Charlie war tëscht 1961 an 1990 e Grenzpassage an der Berliner Mauer, an der Friedrichstraße, tëscht dem sowjeteschen an dem US-amerikanesche Secteur, an domat tëscht dem Ost-Berliner Bezierk Mitte an dem West-Berliner Bezierk Kreuzberg.

Säin Numm geet op dat Internationaalt Buschtawéier-Alphabet zeréck: D'Amerikaner hunn dräi Iwwergäng benotzt, déi se Alpha, Bravo an Charlie genannt hunn. Den Checkpoint Charlie huet just dierfe vun alliéiertem Militär, Ambassadepersonal an Auslänner benotzt ginn.

E stoung am Zentrum vun der Weltëffentlechkeet, wéi sech do de 27. Oktober 1961 sowjetesch an amerikanesch Panzer op e puer Meter géintiwwerstoungen, prett fir ze schéissen. De Grond war, datt d'DDR probéiere wollt, den amerikaneschen Alliéierten et méi schwéier ze maachen, an Ost-Berlin ze zirkuléieren, an dofir en US-Militär net eragelooss hat. De 25. Oktober hunn d'Amerikaner dofir Panzeren op der Grenz a Stellung bruecht. De 27. Oktober huet d'Sowjetunioun dat selwecht gemaach. Den 28. Oktober hu sech d'Panzeren dann nees zeréckgezunn.[1]

Den Checkpoint war Theater vu spektakuläre Fluchten aus Ost-Berlin, bei verschiddenen ass d'Persoun, déi an de Weste flüchte wollt, erschoss ginn.

Den 22. Juni 1990 gouf de Kontrollpunkt am Kader vun enger Gedenkfeier ofgebaut; e steet haut am Berliner AlliiertenMuseum am Quartier Zehlendorf. 2000 gouf an d'Plaz eng Kopie opgeriicht; si ass haut eng vill besichten Touristenattraktioun. Direkt donieft, am fréiere Westberlin, ass de Mauermuseum – Museum Haus am Checkpoint Charlie, deen schonn 1963 opgoung, fir d'Geschicht vun der Berliner Mauer, sou wéi spektakulär Fluchten, ze dokumentéieren.

2006 goufen do, wou de Grenzpassage war, Panneauen opgehaangen, déi d'Bedeitung an d'Geschicht vum Checkpoint vermëttelen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • William Durie: The United States Garrison Berlin 1945–1994, Mission Accomplished. 2014, ISBN 978-1-63068-540-9 (englisch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Checkpoint Charlie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. William Smyser: Zwischen Erleichterung und Konfrontation. Die Reaktionen der USA und der UdSSR auf den Mauerbau. In: Hans-Hermann Hertle, Konrad H. Jarausch, Christoph Kleßmann (Hrsg.): Mauerbau und Mauerfall. Ursachen – Verlauf – Auswirkungen. Ch. Links, Berlin 2001, ISBN 3-86153-264-6, S. 155 f.