Chinga (Meteorit)

Vu Wikipedia
De Chinga Meteorit

De Chinga-Meteorit ass en Eisemeteorit, vun deem fir d'éischt 1913 am Chinga-Floss vun der sibirescher Tanna-Tuva-Regioun Golsicher Brochstécker fonnt hunn. Bei en ettlechen Expeditioune goufe bis elo 250 Brochstécker vun engem totale Gewiicht vu ronn 350 kg gesammelt.

Op der Fonntplaz konnt kee kloer ëmgrenzten Aschlagkrater fonnt ginn. De Meteorit ass warscheinlech virun 10.000 bis 20.000 Joer beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär geplatzt, woubäi d'Brochstécker op Gletscheräis gefall waren. Den Datum vum Fall gouf duerch geologesch Ënnersich vum Flossdall a vun der Déift vun de Meteorittefragmenter an den Oflagerunge ofgeschat.

De Chinga-Meteorit staamt aus der Asteroidenceinture a gëtt zu der Klass vun den Ataxitte gerechent. Et si rar Meteoritte mat engem héijen Néckelgehalt.

Cheemesch Zesummesetzung: 83 % Eisen; 16,4 % Néckel; 0,181 ppm Gallium; 0,082 ppm Germanium; 3,6 ppm Iridium.

Am Joer 2012 gouf bekannt, datt déi cheemesch Ënnersich vun enger buddhistescher Statu erginn haten, datt si aus dem Metall vum Chinga besteet – eng bis elo eenzegaarteg Entdeckung.[1],[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fuerscher si sécher: Dëse Buddha staamt aus dem All
  2. Archäologie Gottheit aus dem All. Süddeutsche Zeitung, 28. September 2012.