Chondren
Chondren (griichesch chondros, Kären), och Chondrulen genannt, si millimetergrouss Silikatkugelen, déi an enger renger kärefërmeger Grondmass agebett sinn. Si trieden an ondifferenzéierte Meteoriten op, déi och Chondrite genannt ginn. Dës kënne bis zu 80% Chondren enthalen.
Chondre goufe schonn 1802 vum Jacques Louis de Bournon (1751-1825) als „curios globules“ beschriwwen. Den Numm „Chondre“ gouf 1869 vum Gustav Rose am Mineralogesche Museum vun der Humboldt-Universitéit Berlin agefouert.
Chondritesch Meteoritte representéieren dat eelst Material an eisem Sonnesystem. Et gëtt ugeholl, datt déi aner Objete vum Planetesystem aus chondriteschem Material geformt goufen. Wéinst der Heefegkeet vun de Chondren an deem Material ass et dofir wichteg, hir Zesummesetzung ze verstoen, wann een d'Genesis vum Planéitesystem novollzéie wëll. Bekannt ass haut, datt Chondre sech aus Virgängermaterial geformt hunn, dat ganz séier – a Minutten oder nach méi kuerz – op Temperature bis 1900 °C erhëtzt gouf an dobäi geschmolt ass. D'Schmelzkigelcher hu sech duerno wärend Stonnen nees ofgekillt.
Wéinst den erfuerderleche relativ – awer net willkürlech – kuerzen Ophëtz- an Ofkillphase kënnen e puer virausgesote Genesisprozesser ausgeschloss ginn:
- am Sonnenniwwel:
- Gliddeg Gebidder am Kär
- FU Orionis Phas vun der fréierer Sonn
- Elektresch Entluedungen (Niwwelblëtzer)
- Magnéitesch Flaren
- Protoplanéit:
- Aschléi op der Uewerfläch
- Ablatioun vun der Uewerfläch vu Projektiller wärend dem Duerchschloe vun der Atmosphär
Et geet een haut dovun aus, datt d'Energiequell fir d'Zesummestellung vun de Chondren Akkretiounsschocke wärend der Bildung vun de Proto-Gasplanéite waren.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chondren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Chondren Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |