Classeur

Vu Wikipedia
E Classeur
Fir d'Klemm op an zou ze maachen: Exzentermechanik mat engem Klemmbigel

E Classeur ass eng Zort Kartongsaband, an deem ee lasse Pabeiersblieder u metallene Klemme festmaache kann.

D'Blieder sinn sou an engem Classeur an der gewënschter Reiefolleg. Fir d'Lächer an d'Blieder ze maachen, brauch een idealerweis e Locher.

Um Réck vum Classeur ass eng Etikett, op där ee kann uginn, wat dran ass. Dacks ass do och ee Lach, fir et méi einfach ze maachen, de Classeur aus engem Regal ze zéien. Fir datt d'Blieder am Classeur e festen Halt hunn, gëtt et dacks e Mechanismus, dee sech un de metallene Klemmen "upëtzt" a sou d'Blieder festhält.

De moderne Classeur gouf 1886 vum Friedrich Soennecken erfonnt, dee praktescherweis gläich de Locher materfonnt huet. De Louis Leitz a senger Firma mam selwechten Numm huet de Classeur dann zu senger haiteger Form virunentwéckelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Classeur – Biller, Videoen oder Audiodateien