Op den Inhalt sprangen

Clemens Brentano

Vu Wikipedia
Clemens Brentano
Gebuer 8. September 1778
Gestuerwen 28. Juli 1842
Aschaffenburg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Martin-Luther-Universitéit Halle-Wittenberg,
Universitéit Bonn
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Dramatiker
Famill
Bestuet mat Sophie Mereau,
Auguste Bußmann
Mamm Maximiliane Brentano
Geschwëster Bettina von Arnim

De Clemens Wenzeslaus Brentano de La Roche , gebuer den 9. September 1778 zu Ehrenbreitstein (haut e Quartier vu Koblenz), a gestuerwen den 28. Juli 1842 zu Aschaffenburg, war en däitsche Schrëftsteller.

Hien ass virun allem bekannt fir de Reccueil vu Vollekslidder a -gedichter vum Mëttelalter bis an d'18. Joerhonnert, Des Knaben Wunderhorn, déi en tëscht 1805 an 1808 an 3 Bänn, zesumme mam Achim von Arnim, publizéiert huet. Mam von Arnim ass hien ee vun den Haaptrepresentante vun der sougenannter Heidelberger Romantik.

Hie selwer huet Gedichter, Märerecher, Erzielungen, Theaterstécker a Vers-Epe geschriwwen. Um Enn vu sengem Liewe waren et haaptsächlech reliéis Texter.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 Commons: Clemens Brentano – Biller, Videoen oder Audiodateien