Club des Cent Cols

Vu Wikipedia

De Club des Cent Cols ass eng Associatioun vu Cyclotouristen déi der Franséischer Cyclotouristefederatioun (FFCT) ugeschloss ass.

Et ass e Veräi vun netprofessionelle Vëlossportler an deem Vëlosfuerer opgeholl ginn, déi op d'mannst honnert Cole gefuer sinn. Quantitéit no Héichtekrittäre vun de Colen déi musse gefuer ginn, sinn an de Statute vum Club festgehalen.

Dobäi gëllen nëmme Colen déi offiziell den Numm Col hunn, sief et op Franséisch oder an enger auslännescher Bezeechnung oder eng eventuell aner Bezeechnung op regionalem Niveau.

D'Cole mussen op de Michelinskaarten erëmzefanne sinn oder si musse wéinstens duerch e Schëld op der Kopp oder en Direktiounsschëlt ugewise ginn.

Et si keng Minimalhéichte festgeluecht awer Kandidaten déi wëllen opgeholl ginn mussen op d'mannst 5 ZweeDausender opweises hunn.

Et gëtt keng offiziell Kontrollen dofir, de Veräi verléisst sech op d'Éierlechkeet an de sportleche Geescht vun de Sportler déi gär an de Bierger Vëlo fueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]