Collégiale Saint-Pierre vu Léck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Collégiale am Joer 1738

D'Collegiale Saint-Pierre vu Léck war eng vun de 7 grousse Kierchen zu Léck déi vun Doumhäre betreit goufen.

D'Kierch déi den hellege Péiter als Patréiner hat, stoung op enger Kopp direkt beim Palais. De Bau war am 8. Joerhonnert vum hellegen Hubert ugefaange ginn, a war am romanesche Stil. Duerno gouf eng polygonal Apsis am gotesche Stil bäigebaut, an den Tuerm mat véier Ecktiermercher. Op der Südsäit war eng grouss Paart virun där e Gitter am Fer forgé war, a vun do ass eng breet Trap op d'Degrés de Saint-Pierre erofgaangen.

D'Kierch gouf 1810 ofgerappt.