Op den Inhalt sprangen

Concepción (Chile)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Concepción am Chile. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Concepción.
Concepción
Land: Chile
Fläch: 221,6 km²
Awunner: 216.061 (2002)
Bevëlkerungsdicht: 975,0 / km²
Buergermeeschter: Patricio Kuhn Artigues

Concepción, offiziell La Concepción de María Purísima del Nuevo Extremo, ass eng Stad am Chile. Mat 212.000 Awunner (Stand: 2005) - d'Agglomeratioun huet der 936.100 - ass et no der Haaptstad Santiago deen zweetwichtegste Wirtschaftszentrum vum Land.

Concepción ass eng Hafestad, ronn 500 km südlech vu Santiago, a läit um Floss Bío-Bío, deen do an de Pazifeschen Ozean leeft.

Se gouf 1550 vum Pedro de Valdivia gegrënnt. Am Laf vu senger Geschicht gouf se ëmmer nees vun Äerdbiewe betraff, sou 1570, 1657, 1751, 1835, 1939, 1960, a fir d'lescht de 27. Februar 2010.

1818 gouf zu Concepción d'Onofhängegkeet vum Chile ausgeruff.

Concepción ass de Sëtz vum Äerzbistum Concepción a Chef-lieu vun der Regioun Bío-Bío. Et gëtt zwou Universitéiten do, d'Universidad de Concepción, déi 1919 gegrënnt gouf, an d'Universidad del Bío-Bío, vun 1958.

Fotoalbum vun der Stad Concepción

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ida Stevenson Weldon Vernon (1969) Pedro de Valdivia, Conquistador of Chile, Greenwood Press
  • John Milton Nickles, Marie Siegrist (1965) Bibliography and Index of Geology Exclusive of North America, Geological Society of America, v.28
Commons: Concepcion, Chile – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]