Universidad del Bío-Bío

Vu Wikipedia
Universidad del Bío-Bío
Typ staatlech Universitéit
Land Chile
Schülerzuel 8.977
Gegrënnt 9. Abrëll 1947
Um Spaweck http://www.ubiobio.cl/
Universitéit vu Bío-Bío Bibliothéik (2018)

D'Universitéit Bío-Bío (spuenesch: Universidad del Bío-Bío), kuerz UBB, ass eng staatlech Universitéit an der chileenescher Stad Concepción. D'Universitéit gouf am Joer 1947 als Universidad Técnica del Estado (UTE) gegrënnt, ënner där hirem Daach all d'technesch Fakultéite vum Land regruppéiert waren. 1980 ass am Kader vun enger landeswäiter Universitéitsreform aus dem Campus d'Universitéit Bío-Bío ginn.

D'Universitéit Bío-Bío koum op der Ranglëscht vun AméricaEconomía 2012 op déi 17. Plaz am Chile[1] an an de QS World University Rankings 2013 op déi 151. Plaz a Latäinamerika.[2]

2011 waren do 10.000 Studenten ageschriwwen. Rekter ass zënter 2006 den Architekt Héctor Gaete Feres.

Fakultéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Fakultéit fir Architektur, Bauwiesen an Design (Facultad de Arquitectura, Construcción y Diseño)
  • Fakultéit fir Wëssenschaften (Facultad de Ciencias)
  • Fakultéit fir Betribswirtschaft (Facultad de Ciencias Empresariales)
  • Fakultéit fir Gesondheets- an Ernierungswëssenschaften (Facultad de Ciencias de la Salud y de los Alimentos)
  • Fakultéit fir Erzéiungs- a Geeschteswëssenschaften (Facultad de Educación y Humanidades)
  • Fakultéit fir Ingenieurswëssenschaften (Facultad de Ingeniería)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ránking 2012 de las Mejores Universidades de Chile: la "U" gana en fallo fotográfico a la U. Católica
  2. QS Latin American University Rankings 2013

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Universidad del Bío-Bío – Biller, Videoen oder Audiodateien