Op den Inhalt sprangen

Cygnus A

Vu Wikipedia
Date vum Cygnus A
Radiobild bei 5 GHz (Date vum VLA)
Stärebild Cygnus Cyg
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 19h 59m 28.4s
Deklinatioun +40°44'02.1"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E
Visuell Magnitude 16,22 m
Wénkelduerchmiesser 0,55' × 0,46'
Physikalesch Daten
gehéiert zu Cygnus-A-Cluster
Routverrécklung 0,056075 ± 0,000067
Distanz 750 Mio Lj / 230 Mio pc
Geschicht
Entdecker Grote Reber
Entdeckungsdatum 1939
Katalogbezeechnungen
4C 40.40, VV 72, 2E 4309, W 57, BWE 1957+4035, NRAO 620, 1C 19.01, QSO B1957+405, 3C 405, 1RXS J195928.7+404405, 2U 1957+40, 4U 1957+40, DA 500, DB 117, Mills 19+4, PGC  63933, MCG  +07-41-003, IRAS  19577+4035

Cygnus A (3C 405) ass eng vun den hellsten a bekanntste Radiogalaxien. Den Objet gouf 1939 vum Grote Reber entdeckt; 14 Joer méi spéit, 1953, konnten de Roger Jennison an de Mrinal Kumar Das Gupta beweisen, datt et sech ëm eng duebel Radioquell handelt.

Wéi all aner Radiogalaxien huet och dës en aktive Galaxiekär.

Falschfarwebiller vun der Radiostralung an der Astronomie weisen zwéin Jets, déi de galakteschen Zentrum an entgéintgesate Richtunge verloossen.

D'Jets enden a Gebidder mat ganz waarme Gasen, déi duerch hir Radiostralung däitlech noweisbar sinn. Hei treffen d'Jetdeelercher op den intergalaktesche Medium deen ëm Galaxie läit an deen dobäi staark opgehëtzt gëtt.

Portal Astronomie