D'Buch

Vu Wikipedia
De Band 1 an 2 vum d'Buch

d'Buch, mam Ënnertitel La communauté scolaire et les savoirs à l'Athénée de Luxembourg, ass den Numm vun enger Publikatiounsserie, déi ënner dem Direkter Claude Heiser am Prinzip eemol am Joer vum Kolléisch erausgi gëtt a versteet sech an der Nofolleg vun den AnnALen, awer mat engem anere Konzept.

Wärend engem Schouljoer trëfft sech d'Redaktiounsteam an engem fakultative Cours ënnert der Leedung vum Professer Christian Reidenbach. D'Redaktiounsteam besteet aus Schülerinnen a Schüler vun alle Klassestufen. D'Redaktiounsteam invitéiert och Professeren, Elteren, fréier Schüler oder Perséinlechkeeten fir deen een oder anere Bäitrag. All Joer wielt d'Redaktiounsteam zwee Haaptthemen. Dobäi sollen engersäits schoulesch Theme virum Hannergrond vun der Aktualitéit beliicht ginn an anerersäits aktuell Debatte mat dem Schoulalldag verknëppt ginn. d'Buch wëll awer bewosst keng Schülerzeitung sinn, mä e Medium, dat "la communauté scolaire et les savoirs" am Kolléisch representéiert.

Bibliographesch Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]