D'Kiermesgäscht

Vu Wikipedia
Bild 1. Titelblat vun der 1. Oplo.[1]

D'Kiermesgäscht (Original Schreifweis: D'Kirmesgèscht) ass e Koméidéistéck an engem Akt op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositiounen ass d'Wierk den Opus 30.

D'Operett gouf am Joer 1856 uropgefouert a publizéiert.

Resümmee vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

D'Nannéi ass an den Haréi verléift, eng Tatsaach, déi hire Papp, den Holzknuet, net gär gesäit, well e Sträit mam Batzko, dem Haréi sengem Papp, huet. Well Kiermessonden ass, kommen en ettlech Kosengen a Kusinnen op Besuch...

Rollen[änneren | Quelltext änneren]

  • Holzknuet (Holzknuot), Schräinermeeschter;
  • Nannéi (Nanně), dem Holzknuet seng Duechter;
  • Haréi (Harě);
  • Batzko, dem Haréi säi Papp;
  • de Koseng Ficelle
  • de Koseng Schläifsteen (Koséng Schleifstên)
  • de Koseng Klabis (Koséng Klabîs)
  • d'Kusin Laangfësch an hir dräi Kanner (Kusin Langfesch)

Uropféierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Kiermesgäscht gouf den 30. August 1856 vun der Gym uropgefouert.[2]

Bekannt Lidder[änneren | Quelltext änneren]

Diverses[änneren | Quelltext änneren]

Intressant sinn déi soziolinguistesch Aspekter, d. h. d'Aart a Weis, wéi den Dicks Interferenzen aus dem Lëtzebuergeschen an d'Däitscht (beim Holzknuet), resp. vum Franséischen an d'Lëtzebuergescht (beim Ficelle) asetzt, fir humoristesch Effekter ze provozéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • La Fontaine, Edmond de, 1856. D'Kirmesgèscht: Koměděstéck an èngem Ackt / fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück, 52 S.
  • La Fontaine, Edmond de, 1893-1894. Vollständige Gesamt-Ausgabe der Operetten in Luxemburger Mundart / von Dicks ; Clavierauszug mit vollständigem Text. Luxemburg: Wilh. Stomps, 1893-1894, Leipzig, C.G. Röder. [[Partituren] an 12 Hefter]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. La Fontaine 1856 an der Literatur.
  2. Cf. d'Bild 1, op deem ze liesen ass: "Zum ěschtemol opgefěert fun der Turnergesèllschaft, zu Letzeburéch, den 30 August 1856"