Dëlpes

Vu Wikipedia

En Dëlpes ass e pejorativen Ausdrock fir en onbehollefe Mënsch.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Dëlpes huet seng Originnen am Ungareschen. Do heescht et talpas an et bedeit "ee mat breede Féiss".

Nodeem dat Wuert sech an der Form vun Tol(l)patsch an Tölpel am Däitschen agelieft hat, gouf et am Lëtzebuergeschen als Dëlpes adoptéiert.

D'Adjektiv ass dëlpesseg; den Zoustand gëtt Dëlpessegkeet genannt.

De Volleksmond[änneren | Quelltext änneren]

An der Ëmgankssprooch ass den Ausdrock Dëlpesse fänke goe geleefeg. Dobäi geet et drëm, datt een, mat deem den Uz gedriwwe gëtt, mat soll goen, fir en imaginäert Déier ze fänken, bei der Juegd op dat hien de Sak soll unhalen.