Dëschstativ

Vu Wikipedia
En Dëschstativ mat Kugelgelenkkapp

En Dëschstativ ass eng Zort vu Fotostativ, bei deem et drëm geet, fir e Fotoapparat op Dëschhéicht ze fixéieren.

En Dëschatativ ass kleng, an dofir gutt ze transportéieren. Et brauch awer eng stabil Ënnerlag, fir et dropzestellen.

Bei Kompaktfotoapparater, déi liicht sinn, ginn an aller Reegel einfach a bëlleg Dëschstativer duer. E Problem brénge Spigelreflex-Fotoapparaten, déi däitlech méi schwéier sinn an dowéinst zolidd Dëschstativer erfuerderen, déi seelen am Handel ze fanne sinn.