Dance With Me
Ausgesinn
Dance With Me | |
---|---|
Studioalbum[*] vun Debelah Morgan | |
Erauskomm | 2000 |
Genre | Popmusek, Contemporary R&B |
Label | Atlantic Records[*] |
Offiziell Websäiten | |
Dance With Me ass den drëtte Studiosalbum vun der amerikanescher Popsängerin Debelah Morgan. En ass de 15. August 2000 erauskomm. Déi éischt Single Dance With Me war e weltwäiten Hit an huet d'Top Ten an den USA an a Groussbritannien an d'Top 20 a villen europäesche Länner erreecht. Als zweet Single gouf e Remix vum Lidd I Remember vum Hitproduzent Rodney "Darkchild" Jerkins verëffentlecht, déi awer net de selwechten Erfolleg hat.
No Dance With Me huet d'Debelah Morgan nach e puer Lidder fir verschidde Filmsoundtracke bäigesteiert an duerno nëmmen nach Gospelalbumen opgeholl.
Den Album gouf vu der Sängerin selwer an hirem Brudder Giloh Morgan produzéiert.
Tracklëscht
[änneren | Quelltext änneren]# | Titel | Komponist | Dauer |
---|---|---|---|
1. | Dance with Me | Richard Adler, Jerry Ross, Debelah Morgan, Giloh Morgan | 3:42 |
2. | I Remember | D. Morgan, G. Morgan | 3:58 |
3. | Close to You | D. Morgan, G. Morgan | 4:51 |
4. | Let's Get It On | D. Morgan, G. Morgan | 3:37 |
5. | I Can't Stop Loving You | D. Morgan, G. Morgan | 3:55 |
6. | Take the Rain Away | D. Morgan, G. Morgan | 3:28 |
7. | What Would You Do | D. Morgan, G. Morgan | 4:17 |
8. | Think of You (Intro) | D. Morgan, G. Morgan | 0:36 |
9. | Think of You | D. Morgan, G. Morgan | 3:31 |
10. | Baby I Need Your Love | D. Morgan, G. Morgan, Herschel Boone | 3:56 |
11. | Bring Back the Sun | G. Morgan, D. Morgan | 3:59 |
12. | Come and Danz | D. Morgan, G. Morgan | 3:39 |
13. | Alright | G. Morgan, D. Morgan | 4:26 |
14. | Fall in Love Again | D. Morgan, G. Morgan | 5:11 |
Australesche Bonustrack | |||
15. | Don't Get Me Started | 3:48 |
Charts
[änneren | Quelltext änneren]Land an Chart | Positioun[1] |
---|---|
Australien: ARIA Charts | 20 |
Vereenegt Kinnekräich: UK Heatseekers Chart | 35 |
Neiséiland: NZ Top 40 Albums Chart | 39 |
Däitschland: Media Control Album Charts | 53 |
Éisträich: Austria Top 40 Album Charts | 62 |
Schwäiz: Schweizer Hitparade Alben Top 100 | 64 |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Chartpositioun op hitparade.ch (gekuckt de 27. Dezember 2013)