Darts

Vu Wikipedia
Eng Dartsscheif mat -feiler.

Darts ass e Geschécklechkeetsspill, bei deem et drëms geet, 3 Fäiler op eng Scheif, d'Dartscheif, ze werfen, a sou méiglechst vill Punkten ze kréien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt vill Spekulatiounen, wéini dat Spill entstanen ass. Warscheinlech ass dee Sport ëm 1860 entstanen, wéi an Amerika déi éischt Pabeier-Flights patentéiert goufen. Allerdéngs haten d'Fransouse schonn virdrun, an der Zäit vum Henri VIII., Feiler déi den Dartfeiler geglach hunn, als Waff benotzt.

1896 huet den engleschen Zammermann Brian Gamlin d'Opdeelung vun der Dartsscheif, wéi mir se haut kennen, festgeluecht, an ëm 1902 huet eng lokal Zeitung iwwer den éischten 180er geschriwwen. 1908 huet et geheescht, Darts wier e Glécksspill an ass an den Pube verbuede ginn. Fir dat festzestellen, gouf an der Geriichtsverhandlung eng Darts-Scheif opgestallt. Do huet de beschte Spiller aus der Géigend, de William Anakin, 3 Feiler op d'Scheif geschoss a se houngen allen 3 an der 20. De Greffier sollt duerno dat selwecht maachen, huet awer knapps mol mat engem Feil d'Scheif getraff. Duerno huet den Anakin nach emol 3 Feiler geschoss, déi Kéier all an d'Duebel 20. Dovu war de Riichter sou beandrockt, datt d'Uerteel fir den Darts gesprach gouf.

D'Dartsscheif[änneren | Quelltext änneren]

D'Dartsscheif ass an 20 Segmenter opgedeelt mat Punktewäerter vun 1 bis 20, d'Mëtt ass an 2 Réng opgedeelt woubäi dee baussenzege 25 Punkten an d'voll Mëtt 50 Punkten ausmaachen. D'Felder verlafen am Sënn vum Auerzär sou:

20 - 1 - 18 - 4 - 13 - 6 - 10 - 15 - 2 - 17 - 3 - 19 - 7 - 16 - 8 - 11 - 14 - 9 - 12 - 5

Et fält op, datt nieft enger décker Zuel all Kéier eng méi kleng ass; dat ass warscheinlech sou opgesat gi fir Ongenauegkeet ze bestrofen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Darts – Biller, Videoen oder Audiodateien