De Koseng

Vu Wikipedia
Titelsäit (Facsimile)

De Koseng oder Schwaarz oder Blond (Original Schreifweis: De Koséng oder Schwârz oder Blont) ass e Koméidéistéck an engem Akt op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositiounen ass d'Wierk den Opus 16.

D'Operett gouf am Joer 1855 uropgefouert an 1856 publizéiert.

Resümmee vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De Franz ass vu kands u senger räicher Kusin vun Antwerpen versprach, déi en awer nach ni gesinn huet. Hien ass awer an e Meedche mat schwaarzen Hoer verléift, dat e bei engem Ausfluch zesumme mat sengem Kolleeg Scharel, op engem Dampschëff op der Musel tëscht Koblenz a Köln kennegeléiert hat. Hatt war do mat enger blonder Frëndin an enger Gouvernante. De Franz hat awer keng Geleeënheet, et no sengem Numm ze froen. Och méi spéit, zu Lëtzebuerg, gesouch en et op der Strooss erëm, huet et awer kuerz drop nees aus den Ae verluer. Kuerz duerno zielt de Scharel him, hie wier zoufälleg viru kuerzem zu Léck dem Franz sengem Monni vun Antwerpen begéint, deen hem sot, e wier drop an drun, zesumme mat senger Duechter, de Franz op Lëtzebuerg besichen ze kommen. De Scharel sot och, de Monni wier a Begleedung vun deem blonde Meedche gewiescht, dat och um Tour mam Schëff dobäi war. Fest iwwerzeegt, dëst wier seng Kusin, schreift de Franz sengem Monni e Bréif, fir hem matzedeelen, hie wéilt sech net mat hir bestueden...

Rollen[änneren | Quelltext änneren]

  • Franz, e jonke Mënsch;
  • Scharel, dem Franz säi Frënd;
  • dem Franz säi Mononk;
  • Pier Fléck, e Kleederbotzer;
  • Léin, dem Pier seng Fra.

Uropféierung[änneren | Quelltext änneren]

De Koseng gouf den 23. Abrëll 1855 vun der Gym uropgefouert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • La Fontaine, Edmond de, 1856. De Koséng, oder Schwârz oder Blont: Kome’de'stéck an èngem Ackt / Tèxt a Muséck fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück, 39 S.
  • La Fontaine, Edmond de, 1857. De Koséng, oder Schwârz oder Blont: Koměděstéck an èngem Ackt / Tèxt a Muséck fum Dicks. Zwêt Éditiǒn. Letzeburéch: V. Bück, 39 S.
  • La Fontaine, Edmond de, 1893-1894. Vollständige Gesamt-Ausgabe der Operetten in Luxemburger Mundart / von Dicks ; Clavierauszug mit vollständigem Text. Luxemburg: Wilh. Stomps, 1893-1894, Leipzig, C.G. Röder. [[Partituren] an 12 Hefter]
  • Muller, Roger, 2011. Vom Lustspiel ’Der Vetter’ von Benedix zum Singspiel ’De Koséng' von Dicks. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Nr. 1: 9-24 (Joer 32). Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Um Titelblat vun der Originaleditioun ass ze liesen: "Zum e'schtemol opgefe’ert fun der Turnergesèllschaft, zu Letzeburéch, den 22 Abrel 1855". Cf. La Fontaine 1856 an der Literatur.