De Ramplassang
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Ramplassang ass e Kaméidistéck vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositioune ass d'Wierk den Opus 41.
D'Stéck gouf 1863 uropgefouert[1] an 1864 publizéiert.[2]
Resümmee vun der Handlung
[änneren | Quelltext änneren]Kontext: Wéi Lëtzebuerg nach huet missen Zaldote fir d'Bundeskontingent stellen, goufen déi, déi hu missen dru gleewen, mam Lous gezunn. Et koum ee vun dëser Obligatioun nees lass, wann een e Ramplassang, deemno en Ersatz, fonnt huet.
De Bauerejong Méchel Scheppestill huet e schlecht Lous gezunn. Well hie léiwer doheem bleift fir sech ze bestueden, mécht hie sech op d'Sich no engem Ramplassang. De Kandidat deen e fënnt ersetzt hien awer net nëmmen an der Kasär, mä mécht sech och u säi Meedchen erun. Schliisslech fillt de Méchel sech fräi a zitt selwer an d'Kasär, fir e lëschtegt Zaldoteliewen ze féieren.[3]
Rollen
[änneren | Quelltext änneren]- Méchel Scheppestill, e Bauerejong;
Uropféierung
[änneren | Quelltext änneren]D'Gym huet d'Stéck den 22. November 1863 uropgefouert.
Bekannt Lidder
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks: oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine: Leben und Schaffen eines Nationaldichters. 146 S. Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts, Luxemburg. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
- La Fontaine, Edmond de, 1864. De Ramplassang: Koměděstéck an èngem Ackt / Tèxt a Musék fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück, 1864. 32 p.
- Nehrenhausen, Jeannot, 1992. "De Ramplassang" - Kurioses über militärische Ersatzmänner. De Kropemann: Informatiounsblat vun der Gemeng Réiden op der Atert Nr. 10: 57-68. Redingen-an-der-Attert.