Death Note

Vu Wikipedia
Death Note
Logo vun Death Note

Originaltitel デスノート, Desu Nōto

Schrëftsteller Tsugumi Ōba

Zeechner Takeshi Obata

Verlag Shūeisha

Produktiounsland Japan

Typ Shōnen

Genre Krimi, Fantasie, Mystery, Thriller

Publikatiounsdatum Dezember 2003

Volumen 13


Death Note, op Japanesch デスノート, Desu Nōto, ass e Shōnen-Mangasserie, dee vum Tsugumi Ōba geschriwwen a vum Takeshi Obata gezeechent gouf, an am Dezember 2003 fir d'éischt Kéier erauskoum. Am Mee 2006 ass a Japan déi lescht Ausgab vum Verlag Shūeisha verëffentlecht ginn.

Wéinst dem groussen Erfolleg vum Manga gouf Death Note 2006 vum Tetsuro Araki mat Hëllef vum Madhouse Studio als Anime verfilmt, an et goufen dräi Filmer realiséiert, déi déi Geschicht erzielen. De Manga hat e grousse Succès, an déi éischt 10 Deeler hu sech a Japan bis 2006 15 Millioune Mol verkaaft.[1]

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Am Manga geet et ëm e jonke Schüler, de Light Yagami. Säi Liewe verännert sech komplett an dem Ament, wéi hien e mysteriéist Notitzbuch mam Titel Death Note fënnt. Dora gëtt erkläert, wéi de Prinzip dervu funktionéiert: Déi Persoun, där hiren Numm een an d'Buch schreift, stierft. Dobäi muss een d'Gesiicht vun der Persoun kennen a se sech virstelle kënnen. De Light kéint och de Grond vum Doud uginn, wann hien dat wéilt. Wann hien de Grond awer net ugëtt, da stierwen d'Persounen un engem Häerzinfarkt. Am Ufank war de Light sech iwwer dat Buch net sécher, mä schlussendlech huet hien et awer getest. Deen Ament, wéi hien den Numm vun engem Kriminellen dra geschriwwen huet, an dee 40 Sekonnen drop dout war, huet de Light realiséiert, datt d'Fäegkeete vum Buch real sinn.[2]

An der Tëschenzäit trëfft hien den ale Besëtzer vum Buch, den Doudesgott Ryûk. De Ryûk wollt sech ameséieren an huet dowéinst säi Buch an der Mënschewelt vergiess. Déi vill ongekläert Doudesfäll vu Kriminelle kréien op der ganzer Welt Opmierksamkeet. Zemools bei engem begaabten Detektiv, dem L, deem seng Identitéit ganz laang onbekannt ass. Hie versicht, d'Ursaach vun dësen Doudesfäll erauzefannen. Nom L sengem Doud sinn et deem seng Nofollger, de Mello an den Near, déi versichen, dem Kira seng Identitéit ze beweisen.

Haaptpersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

Light Yagami[änneren | Quelltext änneren]

De Light Yagami ass de wichtegste Personnage am Manga. Hien ass ee 17-järege Schüler, deem säi Liewe sech duerch den Death Note komplett verännert. Hien ass e gefleegten, uerdentlechen, sportlechen a schéine Jong mat brongen Hoer an Aen. Hien ass ee vun de beschte Schüler a senger Schoul.[3] Hien ass zimmlech begaabt, mä huet wéinst sengem zeréckhalenden a kale Charakter net vill Frënn.

Hien entscheet sech, d'Notizbuch ze gebrauche fir all d'Kriminell auszeläschen. Sou gëtt hien zum éischte "Kira" (Japanesch fir "Killer") ernannt. Säin Zil ass et, esou den Doudesgott vun der Mënschewelt ze ginn. D'Notizbuch gëtt him eng gewësse Muecht, mä scho virum Death Note war hien extreem staark. Säin Haapttalent war Psychologie; hie konnt e Mënsch perfekt analyséieren a manipuléieren. Seng mental Gesondheet a seng Mënschlechkeet verännere sech am Laf vun der Geschicht. Hie muss géint verschidde Géigner untrieden, den L a méi spéit seng Nofollger, de Mello an den Near.

De Light ass am ganze Laf vum Manga iwwer present, bis den Near säi Geheimnis erausfënnt an hien dann an der leschter Episod vum Manga stierft. Seng mental Gesondheet war um Enn, de Light hat schlussendlech vill geeschteg Problemer.

Wann ee sech mam Manga auserneesetzt, mierkt een, datt dem Light säi Charakter sech staark verännert huet: aus engem rouegen an intelligente Jong ass e staarke béisaartege Killer ginn.

De Light huet nach eng kleng Schwëster, d'Sayu Yagami. Seng Mamm ass d'Sachiko Yagami an säi Papp ass de Soichiro Yagami.

L[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Light ass den L deen zweetwichtegste Personnage. Hien ass eng schlau, exzentresch a wichteg Figur an dësem Manga. Obwuel dem Light seng Intelligenz nach e bësse méi héich ass wei dem L seng, leet sech den L mat der Zäit schlau un.

Hien ass grouss an zimmlech schlank. Hien huet schwaarz Hoer a grouss gro Aen. A sengem Gesiichtsausdrock an a sengen Aen kann een him säi Manktem u Schlof ofgesinn. Am Ufank vun der Geschicht ass den L 24 Joer al. Hie kënnt aus engem Weesenhaus, dem Wommy's House. D'Wommy's House ass bekannt dofir, datt nëmmen déi schlaust Kanner do ugeholl ginn, déi deen héchsten IQ hunn.[4]

Den L ass den Haaptgéigner vum Light a gëtt als begaabten Detektiv bezeechent. Bis zu sengem Doud probéiert hien, d'Identitéit vum Kira erauszefannen a probéiert och ze beweisen, datt de Light dohannert stécht. Hie schafft fir Interpol an hëlleft der Police, Fäll ze léisen, déi si ouni seng Hëllef net léise kéinten. Seng eegen Identitéit ass bis zum 13. Band onbekannt. Bis dohin nennt hie sech "Ryuzaki". Am 13. Band gëtt de Lieser da säi richtegen Numm gewuer, L Lawliet.

Den L stierft awer mat 25 Joer, nodems d'Rem, eng Doudesgëttin säin Numm an d'Notizbuch geschriwwen huet. Am Film ass säin Doud anescht duergestallt. Do schreift hie säin Numm selwer an den Death Note. No sengem Doud huet hien zwéin Nofollger, de Mello an den Near, déi genee wéi hien och am Wommy's House waren an och intelligent Jonge sinn.

Niewepersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

Ryuk[änneren | Quelltext änneren]

De Ryuk ass e Shinigami (Japanesch fir Doudesgott). D'Shinigamie sinn déi ursprénglech Besëtzer vum Death Note. Wann en Doudesgott den Numm vun engem Mënsch an den Death Note schreift, kritt hien dem Mënsch seng reschtlech Liewenszäit geschenkt. Den Ryuk lieft mat deenen aneren Doudesgëtter an hirer eegener Welt. Hien ass mat, 2,10 Meter, dee gréisste Personnage an dësem Manga .

An hirer Welt ass et zimmlech langweileg an dofir huet de Ryuk ee vu sengen Notizbicher op d'Mënschewelt fale gelooss. Den Death Note gouf do vum Light fonnt. Am Verlaf vun dëser Geschicht ass de Ryuk dem Light säi Begleeder a bleift et och bis de Light stierft. Wärend dem Konflikt tëscht dem Light an dem L, entscheet sech de Ryuk kengem d'Partie ze halen. Hie bleift neutral.

Misa Amane =[änneren | Quelltext änneren]

D'Misa Amane ass eng jonk, kleng, schlank an attraktiv Fra. Hatt huet laang, gold-blond Hoer, déi hatt meeschtens verbonnen huet. Seng Aefuerf ass brong an deelweils och gréng. Säi Kleederstil geet éischter an eng Gothic-Punk-Richtung. Seng Lëpse si meeschtens mat roudem Lëppestëft gefierft. Duerch seng Arabecht als Model ass d'Misa Amane eng oppen a frëndlech Persoun, déi gär a Kontakt mat anere Leit ass. Hatt huet een impulsiven, hyperaktive Charakter.

Seng Eltere goufe vun engem Abriecher ëmbruecht. Den Abriecher gouf vun engem Kira embruecht. Hatt bewonnert de Light a seng Doten a verléift sech an hien. Fir de Light géif hatt alles stoe loossen. An der Geschicht gëtt hatt als zweet Kira virgestallt a säin Doudesgott ass de Rem. Duerch de Rem besëtzt hatt endlech och en Death Note, dee fréier dem Jealous gehéiert huet. Den Doudesgott Jealous ass gestuerwen, well hien dem Misa Amane säi Liewe rette wollt. Obwuel hatt eng intelligent Fra ass, gouf hatt festgeholl, well d'Leit ugefaangen hunn, un him ze zweiwelen.

Rem[änneren | Quelltext änneren]

D'Rem ass eng Doudesgëttin. Hatt huet laang mof Mèchen a sengen Hoer. Seng skelettech Form gläicht dem Ryûk senger, just datt d'Rem e bësse méi déck ass. Hatt gouf am Manga geschminkt virgestallt, fir datt een den Ënnerscheed tëscht dem weiblechen an dem männlechen Doudesgott erkennt. Hatt ass seriö, intelligent a calme, egal bei wéi enger Situatioun. Hatt steet dem Misa Amane ganz no an hatt entwéckelt souguer perséinlech Gefiller fir hatt. Eigentlech ass d'Rem kee Fan vun de Mënschen, mee well hatt dem Jealous versprach hat, op d'Misa opzepassen, entwéckelt hatt eng gewësse Bezéiung zum Misa Amane.

Mello[änneren | Quelltext änneren]

De Mihael Keehl, méi bekannt ënnert dem Numm Mello oder M, ass och een wichtege Personnage an dësem Manga. Hien ass schlank an huet himmelblo Aen. Hien huet laang blond Hoer. Een Zeeche woumat de Mello identifizéiert gëtt, ass de Fakt, datt hien ëmmer Schockela ësst. Hie war genee wéi den L och am Wommy’s House, an ass och e ganz intelligente Jong.

Nom L sengem Doud waren de Mello an den Near prett, fir dem L seng Nofollger ze ginn. Déi zwéi waren zu deem Zäitpunkt zimmlech jonk, de Mello hat 15 Joer an den Near eréischt 13. Wéinst sengem emotionale Charakter krut den Near dem L seng Plaz.

Near[änneren | Quelltext änneren]

Dem Near säi richtegen Numm ass Nate River. Vum Ausgesinn hier gläicht hie staark dem L, mat senge grousse schwaarzen Aen. Mee hien huet blond krauseleg Hoer. Hien ass wei den L an de Mello am Wommy's House grouss ginn. Nom L sengem Doud stoung den Near mat eréischt 13 Joer do fir dem L säin Nofollger ze ginn. Dofir hunn déi zwéi misse fir d'éischt de Kira fannen an deen ëmbréngen. Den Near huet dem Kira seng richteg Identitéit erausfonnt an huet dem Light proposéiert, sech ëffentlech bekannt ze maachen. Ouni dem Mello seng Hëllef wier dem Near dat awer ni gelongen. Den Near ass dunn dem L säin Nofollger ginn, well hie wëllensstaark ass a sech duerchsetzt an der Angscht an d'Ae kuckt.

Soichiro Yagami[änneren | Quelltext änneren]

De Soichiro Yagami ass dem Light Yagami säi Papp. Hie schafft als Staatsbeamte bei der Police a schafft fir den L. Hien huet schwaarz Hoer a schwaarz Aen. Hien dréit e Brëll. Am Verlaf vum Manga gesäit een de Soichiro ëfters an engem roude Kostüm. Hie steet fir Gerechtegkeet an huet e grousst Vertrauen a seng Famill. Hien huet ni dru gegleeft, datt säin eegene Jong de Besëtzer vum Death Note kéint sinn.

Am Verlaf vum Manga kritt de Soichiro een Häerzinfarkt, deen awer net duerch de Kira provozéiert gouf. Den Häerzinfarkt hënnert de Soichiro net drun, seng Ëmfro iwwert de Kira weider ze maachen an hie wëllen ze stoppen.

Thematiken[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Manga ginn divers Theemen ugeschwat, mee een Haaptthema ass Gerechtegkeet. Wat ass gutt a wat ass schlecht?

Déi verschidde Bléckwénkel op d'Theema Gerechtegkeet maachen aus Death Note een interessante Manga. Death Note gëtt als Waff ugesinn déi de Light benotzt fir sämtlech Verbriecher ëmzebrengen.[5] Doduerch gëtt hie selwer zu engem Massemäerder, dee vun diverse Leit ënner anerem vun der Police gesicht gëtt. Et muss ee bedenken, datt Kriminalitéitsraten duerch de Light staark erof gaange sinn. Doduerch gëtt d'Fro opgeworf, ob dem Light seng Handlunge gerechtfäerdegt sinn oder net. Ass et gerecht, ee Verbriecher ëmzebréngen, fir eng besser Welt ze schafen?

Nom Light ass dat wat hie mécht gerechtfäerdegt. Hie seet sech, datt hie se net ëmbréngt fir Suen ze kréien oder Muecht ze hunn, mee fir der Welt ze hëllefen.

Et däerf een awer och net vergiessen, datt etg eent vum Light sengen Zieler war, Gott vun dëser neier Welt ze ginn. Wann de Light de Gott vun der Mënschenwelt wier, géif hien eng gewësse Muecht hunn. Dofir kann een behaapten, datt hien déi Handlungen éischter fir sech selwer mécht an net fir déi aner Matbewunner.

Obwuel de Light iwwerzeegt ass, am Numm vun der Gerechtegkeet ze handelen, verléiert hie sech selwer a gëtt zum Kriminellen. Et ass staark ëmstridden, ob Death Note ee philosopheschen Hannergrond huet. De Schrëftsteller Tsugumi Ōba seet Nee. “Dat gutt an dat béist” gehéiert zu engem vun den Haaptthemen an der Eethik an dofir kann ee staark behaapten, datt Philosophie mat en Haaptthema an dësem Manga ass. Zwou verschidden Aarte vu Gerechtegkeet gi beschriwwen. Wat fir déi eng gutt ass, ass fir déi aner schlecht. Dem L an dem Light hir Virstellunge leie wäit auserneen.

Een anert wichtegt Theema ass d'Identitéit. De Light probéiert seng Identitéit ze verstoppen, fir net vum L, vu sengen Nofollger Near a Mello oder souguer vun der Police erwëscht ze ginn. Den L, den Near an de Mello verstoppen hier Identitéit, fir datt de Kira net weess wee si sinn an hien doduerch net vun hinne fortlafe kann.[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.comipress.com/article/2006/06/01/196 Gekuckt de 26.12.2018
  2. http://www.kana.fr/produit/death-note/ Gekuckt de 27.12.2018
  3. https://deathnote.fandom.com/fr/wiki/Light_Yagami Gekuckt de 27.12.2018
  4. https://deathnote.fandom.com/fr/wiki/L_Lawliet Gekuckt de 27.12.2018
  5. https://web.archive.org/web/20160804175656/http://mangabildung.de/death-note Gekuckt de 26.12.2018
  6. http://blc.centerblog.net/rub-death-note-.html Gekuckt de 26.12.2018