Demon Core

Vu Wikipedia
De Crossroads Able, eng 23-kilotonn Bomm déi iwwer dem Buedem den 1. Juli 1946 explodéiert ass, a fir déi den Demon Core gebraucht gouf.

Demon Core, op Lëtzebuergesch: Däiwelskär, war de Spëtznumm vun engem 6,2 Kilogramm schwéiere Plutonium-Kär, dee bei zwéin Accidenter am Los Alamos National Laboratory fir kuerz Zäit en iwwerkriteschen Zoustand erreecht hat. Bei jiddwerengem vun deenen zwéin Accidenter ass e Wëssenschaftler duerch ze héich Bestralung ëm d'Liewe komm. Den Demon Core gouf méi spéit an eng Mark-3-Atombomm agebaut an den 1. Juli 1946 um Bikini-Atoll beim Able-Test wärend der Operatioun Crossroads gezünt.