Desert Eagle

Vu Wikipedia
Eng IMI Desert Eagle am Kaliber .50 AE, mat Patrounen

D'Desert Eagle ass eng hallefautomatesch Pistoul, déi um Funktiounsprinzip vum Gasdrocklueder baséiert, wat et erlaabt fir sou staark Patrounen ze schéisse wéi soss just mat Magnum Revolveren.

D'Desert Eagle gëtt vun der israeelescher Firma Israeli Military Industries (IMI) fir den US-amerikanesche Betrib Magnum Research Inc. fabrizéiert. Magnum Research huet den eigentlechten Desert-Eagle-Design entwéckelt a patentéiert, mä d'Ausschaffen huet IMI iwwerholl.

Et gëtt se an dräi verschiddene Versiounen: Mark I, Mark VII a Mark XIX. D'Mark I a VII ginn net méi fabrizéiert a war fir d'Mark I an de Kaliberen .357 Magnum a .44 Magnum ze kréien. D'Mark VII krutt een zousätzlech mat .41 Magnum. Déi am meeschte gebraucht Versioun ass d'Mark XIX, déi et mat .357 Magnum, .44 Magnum a .50 AE gëtt.

Schematesche Querschnëtt

Eng Desert Eagle kann ee ganz einfach op eng aner Kummergréisst ëmrëschten andeems ee just en anere Laf abaut, well do déi richteg Kummer scho mat drunhängt. Déi beléiftst Laflängt ass sechs Zoll, mä et kritt een och zéng- a véierzéng-Zoll-Leef.

D'Desert Eagle huet e Chargeur deen en erauhuele kann, wéi all aner hallefautomatesch Pistoul och. Well se sou grouss Patroune schéisst, ass d'Kapazitéit vum Chargeur éischter limitéiert. Wann z. B. eng SIG Sauer P226 (Kaliber 9×19 mm) op 16 Schoss kënnt, sou läit d'Desert Eagle mat .357 Magnum bei 9 Schoss, mat .44 Magnum bei 8 Schoss a mat .50 AE bei nach just 7 Schoss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Desert Eagle – Biller, Videoen oder Audiodateien