Op den Inhalt sprangen

Distillatioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Destillatioun)
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Einfach Distillatioun (Schema).

Distilléierung oder Distillatioun (lat. destillare „erofdrëpsen“) ass eng thermesch Method, fir verschidde Flëssegkeeten, déi vermëscht sinn, vuneneen ze trennen. D'Distilléierung huet géigeniwwer aneren Trennungsmethoden de Virdeel, datt keng aner Matièrë wéi Adsorbenten oder Léisungsmëttel derbäigemaach musse ginn.

Bei der Distilléierung gëtt d'Ausganksgemësch un d'Kache bruecht. Den Damp, dee sou entsteet, an deen aus verschiddene Komponente vum Ausganksgemësch zesummegesat ass, gëtt duerch e Kondenséierungssystem geleet a sou ofgekillt, datt e sech nees verflëssegt. Well den Temperaturpunkt vum Verdämpen, respektiv vun der Nees-Verflëssegung, jee no Matière net de selwechten ass, kënne sou noeneen déi verschidde Komponenten opgefaange ginn.

Typesch Asätz vun der Destilléierung sinn d'Brenne vun Alkohol an d'Distilléiere vun Äerdueleg an der Raffinerie oder och d'Produktioun vun distilléiertem Waasser.

  • Robert J. Forbes: A short history of the art of distillation: from the beginnings up to the death of Cellier Blumenthal. – Repr. d. Ausg. 1948. Brill, Leiden, 1970.
  • Erich Krell: Handbuch der Laboratoriumsdestillation: mit einer Einführung in die Pilotdestillation. 3. Aufl., Hüthig, Heidelberg u.a., 1976, ISBN 3-7785-0340-5.
  • Johann Stichlmair: Distillation. In Ullmann's Encyclopedia of Industrial Chemistry, Barbara Elven (Edit.), 7th Edit, Vol. 11, p. 425–494, Wiley-VCH, Weinheim, 2011, ISBN 978-3-527-32943-4