Dictionnaire français-luxembourgeois

Vu Wikipedia
Den DFL

Den Dictionnaire français-luxembourgeois, kuerz DFL, ass en Dictionnaire mat 51.000 Iwwersetzunge vu Franséisch op Lëtzebuergesch.

D'Wierk ass am Joer 2006 op de Maart komm.

Et sollt den Zwilling vum DLW sinn, widdersprécht deem awer a ville Fäll, a stellt dowéinst de Lieser viru Problemer.

Et hunn dru geschafft:

  • Editeur: Éditions St. Paul, Lëtzebuerg
  • Redaktioun: Liette Dermann-Loutsch
  • Korrektioun: Nancy Petry
  • Typographie: Claude Peiffer

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Derrmann-Loutsch, L., 2006. Dictionnaire Français-luxembourgeois. Luxembourg: Éd. Saint-Paul. 606 S. ISBN 978-2-87963-634-4

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]