Die Erfindung der Liebe
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland, Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2013 |
Première | 2. Juli 2013 |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Lola Randl |
Dréibuch |
Lola Randl Philipp Pfeiffer |
Fotografie | Philipp Pfeiffer |
Musek | Maciej Sledziecki |
Produzent |
Coin Film Red Lion BR, WDR |
Schauspiller | |
Maria Kwiatkowsky, Sunnyi Melles, Bastian Trost, Mario Adorf, Samuel Finzi Irm Hermann Luc Feit Maria Rosa Tietjen Sebastian Weber Mira Partecke Jürgen Rissmann André Jung | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Die Erfindung der Liebe ass en däitsch-lëtzebuergesche Spillfilm vun der Lola Randl aus dem Joer 2013. E koum den 1. Mee 2014 an Däitschland an d'Kinoen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]D'Dréiaarbechte vun engem Film ginn duerch de stënterlechen Doud vun der Haaptactrice ënnerbrach. D'Equipe decidéiert nom éischte Schock, virunzedréien; eng Stagiairin kritt eng Paréck opgesat a soll déi weiblech Haaptroll spillen; d'Gesiicht vun der Verstuerwener soll duerch CGI agebaut ginn. De Film am Film dréint sech ëm eng jonk Koppel, déi eng steeräich an doutkrank Fra ëm hiert Verméigen erliichtere wëll…
Soss
[änneren | Quelltext änneren]De Film ass d'Resultat vun engem Filmprojet, bei deem effektiv d'Haaptactrice Maria Kwiatkowsky wärend den Dréiaarbechte gestuerwen ass. D'Regisseurin an de Dréibuchauteur hunn d'Dréibuch op d'Kopp gehäit an den Doud selwer thematiséiert, fir aus deem scho gefilmte Material e Film am Film ze maachen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- " 'Die Erfindung der Liebe': Und plötzlich war der Star tot." spiegel.de, 01.05.2014 - 13:41.
- Site vum Film.