Diffus interstellar Bänner

Vu Wikipedia
Relativ Stäerkte vun den observéierten diffusen interstellare Bänner

Diffus interstellar Bänner, (engl.: Diffuse Interstellar Bands; ofgekierzt DIBs) sinn Absorptiounsbänner vun astronomeschen Objeten, déi zum interstellare Medium gehéieren.

Diffus interstellar Bänner ginn am noen Infrarout, am Beräich vun der Ultraviolettstralung an am Opteschen nogewisen. Dat bekanntst Band läit bei 4430 Angström mat enger Breet vun 20 Å, enger Déift vu 15 Prozent géintiwwer dem Kontinuum an enger equivalenter Breet vun 3 Å. Weider staark Bänner leie bei 4765, 4880, 5780, 5800, 6180 a 6280 Å. En ettlech Bänner erstrecke sech iwwer Breete vu bis zu 200 Å mat enger ganz klenger Absorptiounsdéift. D'Equivalentbreete vun diffusen interstellare Bänner si mat der interstellarer Extinktioun korreléiert (awer net streng).

Déi diffus interstellar Bänner gi mat festen Deelercher mat engem Duerchmiesser an der Gréisst vun der beaflosster elektromagnéitescher Stralung a Verbindung bruecht. Dobäi handelt et sech warscheinlech ëm Stëbsdeelercher, déi haaptsächlech aus polycycleschen aromatesche Kuelewaasserstoffer, Buckminster-Fulleren a Silikater zesummegesat sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie