Dipendra

Vu Wikipedia
Dipendra
Gebuer 27. Juni 1971
Katmandu
Gestuerwen 4. Juni 2001
Katmandu
Nationalitéit Nepal
Educatioun Eton College
Aktivitéit Kinnek
Famill
Papp Birendra

Den Dipendra Bir Bikram Shah Dev, gebuer de 27. Juni 1971 zu Kathmandu an och do de 4. Juni 2001 gestuerwen, war 3 Deeg laang, als Nofollger vu sengem Papp Birendra, Kinnek vum Nepal.

Den offizielle Berichter vum Nepal no, huet den Dipendra e groussen Deel vu senger Famill ermuert a sech dunn och an de Kapp geschoss. Hie louch dräi Deeg am Koma ier hien un de Follge vu sengen uerje Blesse verscheet ass. Wärend dësen dräi Deeg war hie Kinnek vum Nepal. Säi Monni Gyanendra gouf säin Nofollger.

No engem Sträit soll den Dipendra, ënner anerem, säi Papp de Kinnek Birendra, seng Mamm d'Kinnigin Aiswarya, seng Gesëschter de Prënz Nirajan an d'Prinzessin Shruti, säi Monni de Prënz Dhirendra a seng Tattaen d'Prinzessinne Sharada a Shanti erschoss hunn. Déi Thees gëtt awer vu villen Nepali ugezweifelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]