Diskussioun:Éischt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech krut meng Fläsche schonns. Les Meloures 17:09, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Einfach esou[Quelltext änneren]

Woooow, an der fr-Wiki, déi jo schonns zweemol hei als Referenzdictionnaire (virum TLF!) geholl gouf (fir d'Schoulnimm a fir de groussen Huhu, mer erënneren eis), heescht dat "Eschette (luxembourgeois: Éischent) est un ....". De Josy Braun nennt et a sengem Bichi "Eschent". Däi Käler wäerten ät op Uerder vun hirem Buergermäschter Äschent schreiwen. An dat Geckechst ass, ..... d'Leit, déi do wunnen, elauter frëndlech Leit, déi Jonk an déi Eeler, nennen et "Éischt". Einfach esou. --Cornischong 19:07, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat d'Leit vun do Éischt soen, an net nëmmen déi vun do, weess och scho iwwer 50 Joer laang. Vu datt jo awer hei eng Kéier decidéiert gouf de Josy Braun als Referenz ze huelen, ass menger Meenung no all weider Diskussioun iwwerflësseg, et sief mer begannen ons eng Kéier fir all déi Uertschaftsnimm eng Kéier ënner d'Lupp ze huelen. Bei Liewel ass deeselwechte Fall. Do soen d'Leit an der ganzer Gemeng Biekerech, an an de Noppeschgemenge Leewel. Mee wa just een, dee seng Uertschaftsnimm vun Oplo zu Oplo ännert hei als Refrenz geholl gëtt, da musse mer wuel domat liewen. Oder bleiwe mer ons net konsequent. Les Meloures 20:15, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

"Oder bleiwe mer ons net konsequent.": Ficht/Fiicht. --Cornischong 07:42, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Luxalbum gett Eschette mat Eischent iwwersat. Mä wann d'Awunner hiert Duerf Eischt nennen, soll et och sou hei heeschen. --Sultan Edijingo 08:05, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


@Cornischong,
Wann s de d'Diskussioun Ficht/Fiicht gelies hues, misst de erausfonnt hunn datt ech mech fir d'Konsequenz Fiicht agesat hunn, souguer mat den néidegen Explicatiounen. Iwwregens hat ech meng Stellungnam doriwwer och schonns an enger aner Diskussioun bruecht, wat der bestëmmt net entgaange war.
Fir mär dat elo hei als Äntwert dohinner ze tässelen ass alt erëm nëmme fir enger aner Äntwert aus de Féiss ze goen, an huet och näischt mat dem heite Sujet ze dinn. Les Meloures 08:30, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Och "einfach esou": Esou ass dat nun eemol am Liewen: Déi eng sichen no Léisungen, déi aner sichen no Probleemer. Et ginn der, déi freeën sech driwwer, e gutt Buch gelies ze hunn, an anerer, déi sech dono iwwer en Tippfeeler op der Säit 781 oder e fisemeche Liesbännchen entwutzen. Déi eng änneren hei Artikelen, wann se eppes méi wësse, wéi wat do steet, déi aner wiermen Diskussioune vu virun 3 Joer op, déi näischt mat der Saach ze dinn hunn. Jidderee soll op seng Fassong glécklech ginn. Ech fir mäin Deel konzentréiere mech op d'Säite mam Reider "Säit", well dat ass et, wat d'Wikipedia virubréngt, a wat mär Satisfactioun um Matschaffen hei bréngt. Allez, dobausse schéint d'Sonn! --Zinneke 11:45, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]