Diskussioun:2006

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et schéint ustiechend ze sinn: 'T ass scho schlëmm genuch, dass do dausende vu Leit sech opstëppele loossen, wéinst Biller, déi se just vun Héieresoe kennen, elo musse mär hei net ufänken, mat Sätz D'Lëtzebuerger Vollek verlaangt eng formell Entschëllegung vun der irakescher Regierung ronderëm eis ze geheien (ween ass "d'Lëtzebuerger Vollek" dat "fuerdert"? Ween, ausser dem Staatschef (an da nach!), kann/däerf an deem sengem Numm schwätzen?!) just well do en drapologesch Mannerbemëttelten et net op d'Rei bruecht huet, 3 Foarwen de richtege Wee ze molen.

A fir d'Diskussioun op e méi formelle Plang ze bréngen: Dës Säit hei soll et iwwer d'Joerern erméiglegen, a kuerze Sätz déi wichtegst Evenementer ze retracéieren. Virgëschtr ass eng Fäer ënnergaang, mat warscheinlech iwwer 1000 Leit, déi erdronk sinn; dat wier éischter eng Zeil wäert...

Soss gëllt weiderhin: fir Meenungen, Opriff asw si Bloggen, Homepagen an d'Lieserbréifsäiten am Wort do, awer net d'Wikipedia, soss kënne mer hei geschwënn d'Lut ausman.

--Zinneke 14:53, 4 Februar 2006 (UTC)

Gutt, da brauch ech net bei de Psychopater ze goen. Ech hat dat mam "fuerdernde Vollek" gelies a gemengt, ech géing fuebelen. Dat misst et gewiescht sinn, wat eis nach hei gefeelt huet. --Cornischong 16:28, 4 Februar 2006 (UTC)

Kuer viru sechs mueres kann et duerchaus virkommen, datt ee sech e wéineg vill an der Plaz vir ironesch Parallele verdeet an datt déi dann total an d'Box ginn. Dat ass mer eng Léier, mech esou spéit (oder: esou fréi) nach vu verschidde Programmer beriselen ze loossen, déi een da souwisou just nach hallef matkritt. Ech wäert mech deemnächst an deem Sënn vu mengem Pater berode loossen. Also näischt vir ongutt. --Otets 12:33, 5 Februar 2006 (UTC)