Diskussioun:6. November

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Extrem-Ennerdelung[Quelltext änneren]

Ech froe mech grad als Europäer, op et e Wert huet fir zb arabesch oder afrikanesch oder soss weit-entfernte länner esou am extrem ze detailléieren wéi mir daat fir eis géigende maachen. Wëll domadden soen: ging et net fir vun eisem Standpunkt aus gesin duergoen, eng Iwwerschreft Arabesch Welt ze hun, an do noutfalls dann ze schreiwen

  • 1979: Iran: Den iranesche Premier............

Well ech gleew kaum datt mir eis hei zech Gedanken iwwert soss Evenementer op engem 6. November unbedingt am Iran maachen (oder engem aneren afrikaneschen/arabeschen/gottweeswaat Staat). Daat ma mir da wuel éischter bei eise Nopeschlänner oder anere Matt-Europäer neen ?

Warden op Reaktiounen a gi lo mol Nani man :-)

--Briséis 02:05, 8 Nov 2004 (UTC)

Reaktioun No 000000000000001[Quelltext änneren]

Dat doten leeschten sech emol déi englesch an déi däitsch net! Dat eenzegt, wat hei géif e Sënn maachen, wiere lëtzebuerger "Evenementer" well ze wëssen, wéi 1980 d'Wahlen a Jamaica ausgaange sinn bréngt elo (!) kaum engem eppes well keen dat hei (!) nosicht. Mär hunn an der Tëschenzäit Dausende vun roude Links zesummegeschäert; natierlech wier et un der Zäit, déi no an no blo anzefierwen. Mär sollen äis e bësse méi ëm "Dat Lëtzebuergescht" këmmeren, well doran si mer deenen Aneren wäit viraus an, dat gëtt nogekuckt well een et soss Néierens beienee noschloe kann. Mär kënnen äis roueg e Beispill um Zinneke huelen: Dee schreift Artikelen (!) déi sproochlech tipp topp sinn (!!), déi héichaktuell sinn, an deenen et ëm fir Lëtzebuerg wichteg Saache geet an, an dat ass villächt das Allerwichtegst, an deene Saache stinn, déi mer a kenger anerer Wiki fannen!! --Cornischong 10:09, 8 Nov 2004 (UTC)

Reaktioun No 000000000000002[Quelltext änneren]

Ech kann der Äntwert vum Cornischong nêmmen zoustëmmen. Johnny Chicago 12:38, 8 Nov 2004 (UTC)

Lëtzebuerger Saachen[Quelltext änneren]

Ech bekenne mech schëlleg mat menge franséische Fontainebleau's Edikten mee ech hun einfach méi Ahnung a Material zur franséischer oder soss iergendenger Geschicht wéi wann et em Lëtzebuerg geet. Do kann ech ierch nëmme Biller abauen, Tabelle bastelen an alles verwikien :-)

--Briséis 19:33, 8 Nov 2004 (UTC)

Trouscht a schwéieren Zäiten[Quelltext änneren]

Gutt datt mer elo mol e Schéllegen hunn. A well mer kee wëllen erausgeheien, gëtt alt jidderee beschäftegt. An der däitscher sinn Honnerte vu Leit domat beschäftegt fir haut eppes z'änneren wat muar Anerer erëm zréckänneren. Ech op alle Fall si frou datt mer een hei hunn deen d'Biller abaut, Tabelle bastelt, d'Chronologie opbaut (jo, et gëtt do nach en Zweeten), an Alles verwickit. --Cornischong 20:22, 8 Nov 2004 (UTC)

Puer Kommentarer an Vierschléi[Quelltext änneren]

Ech muss mech wuel och schëlleg bekennen, well ech och nun wierklech keng Ahnung hun iwwert lëtzebuergesch Geschicht am Speziellen an Lëtzebuerg am allgemeinen. Ech kéint zwar soen ech ginn lo iwwert Land an machen eng Photo vun all Mairie, klauen dem Statec e puer Statistiken an déklaréieren se als méng eegen, mee daat mëcht jo och net vill Sënn, ausser datt mer dann e ganzen Koup fräi verfügbar Photoen hätten. Waat een allerdengs kéint maachen an do kënnt lo den Vierschlach : Mier inspirieieren eis um Prinzip vun der Qualitätsoffensive vun eisen Noperen an ruffen während enger gewesser Zäit daat Thema als en Thema aus un deem soll Prioritär geschafft ginn. Am beschten wier mier geifen an sou engem Fall mat Geographie oder Geschicht ufänken. Souwäit ech wees existéiert do jo schon sou munnecheres op der aanerer Säit vun der Musel (vier mech ass et am Moment den Rhäin :) ), doropper kéint een opbauen och wann do wi iwwerall wann et em Lëtzebuerg geet vill Kabes steet.

Dann di aaner Saach : Mat den Evenementer. Et stemmt datt mer riskéieren an en terriblen Kleinklein an der Fro vun der Relevanz ze faalen. Aanerersäits gesäit et do an aaneren wiki'en vill schlëmmer aus. Mee bon ech setzen meng Saachen hei ranner vun deenen ech mengen datt se wichteg sinn an wiem et net gefällt deen läscht et eeben, oc en vierdeel wann keen Copyright do ass ;). Mier egal op den Kinnék vun Absurdistan den 1. Mee 1438 säin selwernen Läffel verluer huet, mee wann ech do en Datum wi deen vun der Machtergreifung vum Hitler oder der Reichskristallnacht net gesinn, dann stellen ech mer trotzdeem Froen, genausou wi wann et lo em d'iranesch Revolutioun oder awer em den Fall vun der Mauer géif goen.

Mol dovunner oofgesinn géif ech vierschloen datt mer et mat den Kapitelen et sou machen wéi (;)) an dësem Artikel. Bei Europa schréiwen machen mer Kategorien fier en Land x falls sech sollten vier daat Land vill Ereignisser (soen mer mol 10 daat Joer) fannen lossen an den Rescht setzen mer beienaaner, Saachen iwwert Lëtzebuerg trennen mer allerdéngs d'office oof. Vier déi aaner Kontinenter ginn keng extra Lännerennerdeelungen gemach, well daat gëtt soss ze oniwwersichtlëch, wéi den Cornischong soot : Daat leeschten sech mol net di aaner Länner. Sou ech well awer aaner Iddien hei liesen. Net datt se soen mier géifen hei "geschlossene Gesellschaft" praktizéieren.

P.S. : @Briséis : * 1979: Iran: Den iranesche Premier............ --> Do wier et méi einfach ze schreiwen: 1979 : Den iranesche Premier blablabla .. Wat jo och iwwerall sou gemach gëtt. Hun ech bis lo mol sou gemach mengen ech a wann nët verbesseren ech daat mol.

:) --Karlthegreat 02:11, 9 Nov 2004 (UTC)