Diskussioun:ABC vun de Stären

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"ABC vun de Stären": Ech fäerten, ech kommen net richteg no, wat mam ABC gemengt ass. De Katalog, deen 1989 am "Space Telescope Science Institute" publizéiert gouf hat déi Zäit 18.819291 kosmesch Objetën gezielt, dorënner zirka 15 Millioune Stären. Op wat musse mer eis hei gefaasst maachen? --Cornischong 21:39, 11 Dezember 2006 (UTC)

Keng Baang, esou al ginn ech net méi ! - Et dréit sech hei ëm en ABC mat deenen wichtegste Stären (grouss,heller oder Haaptstär an engem Stärebild), da kommen an den Artikel, déi sämtlech Stärebiller esou wéi Artikelen déi mat stärewëssenschaftlechen Aarbëchten ze dinn hunn. Also net fäerten, nëmmen dat wichtegst kënnt dran. Bis dann --SITCK 22:07, 11 Dezember 2006 (UTC)

Uff. Wier et net fäin, fir dat driwwer ze schreiwen. Esou kommen net nach sou empfindlech Séilen an de Schweess. Merci. --Cornischong 22:13, 11 Dezember 2006 (UTC)

OK ! Dat ass ët, wat ech vergiess hunn. Merci --SITCK 22:19, 11 Dezember 2006 (UTC)