Diskussioun:Aachtchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Merci, Cornischong, déi gesäit awer och glëschtereg aus ;-). Du schreifs "klassesch" Kaffiskichelcher. Do stellt sech natierlech d'Fro un all: wee weess, wou een erausfanne kann, wéi laang déi schonns zum "klassesche Kanon" gehéieren, wou se hir kommen, (evtl esouguer ween s'erfonnt huet) asw. Well do gëtt et jo no Land a Géigend verschidden Traditiounen (ganz dervun ofgesinn, dass et Kaffiskicher nach laang net iwwerall gëtt). --Zinneke 16:14, 12 Dezember 2006 (UTC)

Wann de Maître Les Meloures den Text mol amenagéiert huet, wësse mer bestëmmt méi. Ech halen awer drop, ze soen, datt meng frëndlech Bäckesch, der Wikipedia déi Kichelcher extra zur Verfügung gestallt huet (jo, jo!!). Wann ech elo séif schreiwen, datt ech express den Ausdrock "klassesch" mol dragesat hat, da gleeft kee mer met. Mer sëtze jo all an der Skinner-Box :-)) --Cornischong 16:23, 12 Dezember 2006 (UTC)

Englesch & Franséisch?[Quelltext änneren]

Wéi seet een eng Aachtchen op Franséisch an Englesch? "Un huit" an "an eight"? Fir "Mëtsch" seet een alt "viennoiserie/pâtisserie" a "pastry"... 213.143.18.23 16:05, 20. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Wéi den Numm et seet, seet een eng Aachtche mat enger See. An deem Fall ass d'Sprooch egal. Meeschtens gi se awer duerchgebass oder mat engem Messer geschnidden. A fir déi, déi kee Lëtzebuergesch kennen, déi soen alt Mëtsch fir eng Viennoiserie. Den Här Gott mat der décker Aachtchen.

Aner Bedeitungen[Quelltext änneren]

Moien,

Wier hei net eng Homonymiessäit fälleg wéinst den anere Bedeitungen? --Les Meloures 09:09, 28. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]